An de WéngertenUm Dënschdeg de Muere gouf den Äiswäin gelies

Christophe Hochard
Iwwer 20 Leit waren en Dënschdeg de Moie fréi eng gutt Stonn am Asaz, fir den Äiswäin op den 20 Ar Terrain ze liesen.
Um Dënschdeg de Muere gouf den Äiswäin gelies
Iwwer 20 Leit waren en Dënschdeg de Moie fréi eng gutt Stonn am Asaz, fir den Äiswäin op den 20 Ar Terrain ze liesen.

Fir Äiswäin kënnen ze liesen, brauch een Nuets wéinstens -7 Grad an e Mindestmoschtgewiicht vun 120 Oechsle.

D'Zort vun der Drauf ass heibäi net virgeschriwwen. Am optimale Fall ass et allerdéngs Riesling, well déi Drauwe relativ spéit zeideg ginn. D'Drauwe sinn a gefruerenem Zoustand, wa se gepresst ginn.

Vum August 2019 u wäert den Äiswäin ze kafe sinn.

Back to Top
CIM LOGO