Indemnitéiten a Kompensatioune ginn erhéichtArméisgewerkschaft begréisst zwee Gesetzestexter, déi an der Chamber gestëmmt goufen

Fanny Kinsch
Dës zwee Texter hu Fuerderungen, déi d'Gewerkschaft scho méi laang un d'Politik hat, opgegraff an ëmgesat.
© Armée luxembourgeoise

D’Arméisgewerkschaft SPAL begréisst d’Opwäertunge bei der Arméi déi an der Chamber gestëmmt goufen. Engersäits goufen d’Indemnitéiten an d’Cotisatiounen op déi fräiwëlleg Zaldoten erweidert an erhéicht, op där anerer Säit gouf de Basissold vum fräiwëllegen Zaldot eropgesat op den Niveau vum onqualifizéierte Mindestloun. Dat sollt awer just en éischte Schratt sinn, esou de SPAL.

SPAL reagéiert op Gesetzestexter / Reportage Fanny Kinsch

D’Indemnitéiten a Kompensatioune ginn erhéicht an erweidert, se ginn awer net cotisabel, kritiséiert de SPAL-President Christian Schleck. D’Fonctionnairen an déi fräiwëlleg Zaldote géingen och net d’selwecht behandelt ginn. “Fir eis wär et méi wéi sënnvoll gewiescht, déi zwee parallel ze halen, wat d’Indemnitéit ugeet an awer och virun allem, wat d’Recuperatiounsstonnen ugeet, déi ee pro Dag um Terrain kritt. Dat, wat herno pensionnabel ass, ech mengen dat war och eng Kritik vun ons, och dat mengen ech muss een an Zukunft nach eng Kéier diskutéieren an eng Kéier nobesseren. A mir sinn awer och do gudder Déng, dass d’Ministesch do nach en oppent Ouer huet, well et kommt jo elo nach e Pak vu Mesuren op eis duer an ech mengen, dass een dat doten nach eng Kéier muss diskutéieren.”

Fräiwëlleg Zaldote kréien elo 530 Euro de Mount méi: Domat gouf en éischten Deel vun deem Mesurëpak ëmgesat. D’DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes hat dësen am Dezember op den Instanzewee bruecht. Et wier ee frou, dass dëse Punkt esou séier konnt ëmgesat ginn, esou de SPAL-President Christian Schleck.

“Et muss ee wierklech der Ministesch felicitéieren an deem Sënn. Si huet et fäerdegbruecht a kuerzer Zäit virun allem mol de Solde vum Volontaire an d’Luucht ze setzen. Ech mengen, mir krute ganzer véier Deeg, fir den Avis ze schreiwen als, deemools als Chambre des Fonctionnaires, an dat war relativ kuerz. Mä deementspriechend, wann et ëm esou eng Aktioun geet, si mer frou, datt et schnell gaangen ass. Et sinn e puer gutt Usätz, déi mer scho matgedeelt kritt hunn. Et sinn natierlech och Usätz, wou mer méi kritesch gesinn. A wa mer awer elo déi definitiv Texter hunn, muss een dat Ganzt eng Kéier op der Leescht huelen. Et muss een natierlech elo oppassen, dass een net just punktuell kleng Saache mécht, mäet muss ee wierklech ëmmer dat grousst Ganzt am A behalen. An do mengen ech, dass eng Grondlinn, d’Modernisatioun vum Statut onëmgänglech ass.”

Et wier een awer net mat all de proposéierte Mesuren averstanen. “Ob dat elo de grousse Worf wäert ginn, dat ass wann een op d’ Non-Residenten zréckgräife wäert, dat gesi mir am Moment nach skeptesch, well mer och do net déi grouss Zuel un Rekrutementer hannendru gesinn. Mä wéi gesot, dat muss sech alles weisen. Fir Spezialisten ze rekrutéieren iwwert deen Niveau, mengen ech dat kann een diskutéieren, ob een elo de Basissaldot an och den, den Ënneroffizéier an den Offizéier domadder rekrutéiere soll, dat gesi mer éischter kritesch.” De Moie gouf bekannt gemaach, datt de Claude Robinet am Oktober de Steve Thull als Chef d’Etat-major vun der Arméi ersetze soll – dat gesäit d’Arméisgewerkschaft positiv. Et wier dee Renouveau, deen ee sech gewënscht hätt.


Back to Top
CIM LOGO