All Parteie kréien déi elo zougeschéckt a sinn invitéiert, sou vill Iddie wéi méiglech an hir Walprogrammer z’iwwerhuelen. E Plagiat wär hei ausdrécklech erwënscht, seet d’OGBL-Presidentin Nora Back.
D’Lëscht mat den Doleancen ass op alle Fall laang. D’Aarbechtsrecht misst onbedéngt moderniséiert ginn, d’Kollektivvertragsgesetz reforméiert ginn. D’Aarbechtszäit soll national iwwert e Gesetz verkierzt ginn, op eng Zuel leet den OGBL sech net fest. D’Ëmsetzung dovunner misst an de Betriber an an de Kollektivverträg ausgeschafft ginn.
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond fuerdert weider méi eng gerecht Steierpolitik, déi nächst Regierung misst Schluss maache mat der ongerechter Steierpolitik. Den Index däerf op kee Fall, egal op wéi eng Aart a Weis, manipuléiert, verréckelt oder gedeckelt ginn. Do ass den OGBL weider ganz kategoresch. An och d’Diskussioun, ob de Lëtzebuerger Pensiounssystem net misst reforméiert ginn, reegt d’Gewerkschaft op. De Lëtzebuerger Pensiounssystem wär nach ëmmer ganz gutt, ee vun de beschte vun der Welt.
D’Reserve léiche bei 24 Milliarden Euro. D’Attacke géife leider scho lassgoen. Eng Reform mat Verschlechterunge fir d’Assuréë wär awer elo net néideg, mengt den OGBL. Et géif een - wann néideg - dee Pensiounssystem esou verdeedegen, wéi d’Gewerkschaften a Frankräich.