Ouverture vun de SchoulenUm organisatoresche Plang huet de Ministère nach ganz vill ze klären

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien souz d’Educatiounskommissioun vun der Chamber iwwert Videokonferenz beieneen. Konstruktiv wier se net gewiescht.

Et stinn nach ganz vill Froen op, well engem d’Zäit gefeelt huet, fir se all beäntwert ze kréien. Ënnert anerem gouf d’Nees-Opmaache vun de Schoulen diskutéiert. D’ADR hat nämlech een Echange de Vue ugefrot. Eraus koum: um organisatoresche Plang huet de Ministère nach ganz vill ze klären.

Ouverture Schoulen: Nach oppe Froen/Reportage Nadine Gautier

D’ADR schwätzt vu vill Improvisatioun, esouwuel bei der Logistik, wéi dem Opdeele vun de Schoulsäll oder dem Schülertransport, wéi och beim Schoulpersonal oder bei der Betreiung vun de Schüler.

De Fernand Kartheiser: "Et si ganz vill Froen dran, déi just eng improviséiert Äntwert fannen an eis geet dat net duer."

Wat d’Präsens vun de Schüler an de Schoulen ugeet, huet d’ADR dann och eng ganz kloer Fuerderung. Dozou nach emol den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser: "Mir soen, mir sollte kucken, de Leit de Choix ze loossen, ob se Präsens-Unterrecht an der Schoul wëllen, well se mam Homeschooling net eens ginn. Mir wëllen, datt déi Méiglechkeet vun enger Präsens an der Schoul rëm opgeet. Mir insistéieren op Fräiwëllegkeet."

Iwwert vulnerabel Schüler wier e Mëttwoch de Moie net vill geschwat ginn, dofir awer iwwer d'Schüler op den Ofschlossklassen.

De Fernand Kartheiser: "Do ass natierlech d’Angscht hannendrun, wat geschitt, wann ech positiv getest ginn, kann ech den Examen matschreiwen? An do huet den Här Minister gesot: déi, déi dës Woch positiv getest ginn, déi si bis dohinner aus enger Quarantän eraus a kënnen den Exame matschreiwen. Mä wann se d’nächst Woch positive getest ginn, da wäert dat net méi erausgoen."

Bei den Enseignantë wieren 1 op 10 vulnerabel, esou d’Erklärunge vum Minister Meisch. Een Deel dovunner hätt sech och bereet erkläert, aneschters an de Schouloflaf abannen ze loossen. D’Martine Hansen, Fraktiounscheffin vun der CSV, huet no der Kommissioun vu Satisfaktioun geschwat, well den Educatiounsminister zouginn huet, datt nach net alles bis zum Schluss duerchduecht ass. Zum Beispill bei der Betreiung. Wann d’Crèche bis op ginn, kéint hei och just eng reduzéiert Zuel vu Kanner opgeholl ginn.

D'Martine Hansen: "Hei huet de Minister gesot: si géifen iwwerleeën, och nom 25. Mee, fir déi Elteren, wou keng Plaz méi kriten an enger Crèche, de Congé pour raisons familiales ze verlängeren."

Bis wéini verlängert gëtt, hätt de Minister awer net präziséiert. Apropos Betreiung: dat wier och elo fir d’Proffen, déi Schoul mussen halen, eng wichteg Ulafstell, allerdéngs ginn d’Crèchen eréischt de 25. Mee op: "Do huet de Minister eng aner Léisung fonnt. Hien huet Crèchëplazen opmaache gelooss fir déi Enseignantë mat Kanner. Ech denken, déi duerfen elo net méi op de Congé pour raisons familiales zeréckgräifen"

An enger Email aus dem zoustännege Ministère, déi eis virläit, ass vun 9 därer Strukturen rieds. D’Fraise géife vum Educatiounsministère iwwerholl ginn.

Fir d’Francine Closener vun der LSAP ass d’Zoubleiwe vun de Schoule keng Optioun. Et misst een un d’Psych vun de Kanner denken, déi elo laang Zäit wéineg Kontakt haten. Doriwwer eraus kéinten d’Ecarte vun de schoulesche Leeschtunge soss ze grouss ginn. Si hätt e Mëttwoch de Moien d’Occasioun kritt zwou Froen ze stellen, esou d’Francine Closener. Hir Parteikolleegen a Regierungsparteien allerdéngs net méi, well de Minister Meisch an de Regierungsrot huet misste goen. D’nächst Woch soll awer nees eng Reunioun iwwert d’Relance vun de Schoule sinn. Och do soll den Educatiounsminister den Deputéierten da Ried an Äntwert stoen, den Dialog weidergefouert ginn.

Iwwregens stinn alleguerten d'Regierungsparteien, DP an déi Gréng hannert den Aussoe vum Francine Closener. Déi nächst Reunioun ass e Mëttwoch um hallwer 9, och erëm mam Educatiounsminister Claude Meisch.

Back to Top
CIM LOGO