
Géint 10.30 Auer um Mëttwoch koum d'Fra zu Esch op der Policebüro, well si eppes als verluer melle wollt. Wéi si dunn hir Carte d'Identité wollt virweisen an déi an hirer Posch gesicht huet, ass de Polizisten e séisse Geroch opgefall. Wéi si d'Fra drop ugeschwat hunn, huet si hinne fräiwëlleg eng Tut mat 1,9 Gramm Marihuana ginn. Géint si gouf Protokoll erstallt.