
Bis den 22. Februar musse si op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte beienee kréien, fir ëffentlech an der Chamber debattéiert ze ginn.
Wéi gewinnt ginn d’Fuerderunge vun de Petitionäre queesch duerch de Gaart. D’Heesche soll zum Beispill zu all Zäit an iwwerall erlaabt sinn. Wann een onerlaabt op enger Handicapéierte-Parkplaz steet, sollen d’Strofen an d’Luucht goen a Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, sollen d’Méiglechkeet kréien, bei Chamberwalen ze kandidéieren.
Méi ëffentlech Crèchë bräicht d’Land iwwerdeems och. D’Reewaasser misst obligatoresch opgefaange gi bei neie Gebaier. Eng Stroossevignette fir auslännesch Gefierer gëtt gefuerdert, genee wéi méi bezuelbar Taxifaarten sou wéi Uber. D’CNS soll de Brëll ganz bezuelen a bei der Kannerklinik an der Maternité soll ee gratis dierfe parken.
All d’Petitioune fannt Dir op petitiounen.lu.