EU-KommissiounUnanimitéit an der Steierpolitik

Maxime Gillen
Fir zu 27 eng Decisioun ze huelen, mat där och jiddereen averstanen ass, ass bekanntlech net einfach.
Punkt fir Punkt: Steierharmoniséierung
D’EU-Kommissioun huet haut am Detail presentéiert, wéi d’EU soll op de Wee goen, datt a Steierfroen net méi all Memberstaat muss d’Accord sinn.

D’Thema ass net nei an d’Wahrscheinlechkeet, dass sech eppes ännert, ass kleng. An awer wëll déi europäesch Kommissioun den Debat erëm nei lancéieren. Et geet dorëms, dass Decisiounen a Steierfroen op EU-Niveau mussen unanime geholl ginn. Fir méi effikass kënnen ze schaffen, wëll d’Kommissioun dës Reegel ofschafen. Allerdéngs sinn eng Partie Memberstaaten net begeeschtert vun där Iddi.

Unanimitéit an der Steierpolitik - Reportage Maxime Gillen

Fir zu 27 eng Decisioun ze huelen, mat där och jiddereen averstanen ass, ass bekanntlech net einfach. Ma genau dat ass d’Realitéit op EU-Niveau wann et ëm Steierfroe geet. Well Decisiounen unanime muss geholl ginn, kann all eenzele Memberstaat dës och blockéieren. Wann et der europäescher Kommissioun no geet, dann ass et domat an Zukunft awer eriwwer. Si fënnt d’Unanimitéitsreegel nämlech weder ëmsetzbar nach effikass.

Dat hei wier een Deel vun engem Debat, deen d’Kommissioun lancéiert huet a bei deem et dorëms geet wéi op EU-Niveau méi effikass Decisioune geholl kënne ginn, erkläert d’Yuriko Backes, Cheffin vun der Representatioun vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg.

Am Interêt vun der Europäescher Unioun misst et méiglech sinn Decisiounen ze huelen, wann eng qualifizéiert Majoritéit vun de Länner dofir ass, sou d’Kommissioun weider.

Eng qualifizéiert Majoritéit op EU-Niveau dat heescht: 15 vu 27 Memberstaaten, déi mindestens 65 Prozent vun der europäescher Populatioun representéieren.

D’Steierpolitik ass ee vun deene leschten Domainen, wou eng Rei Memberstaaten op unanime Decisiounen halen. Dat wier en Ausdrock vun nationaler Souveränitéit, seet déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Mady Delvaux. Iwwert déi verschidde Leaken, déi stattfonnt hunn, wéisst ee jo och, dass do eng immens Konkurrenz tëschent de Länner ass. Ënnert anerem dowéinst mengt d’Mady Delvaux och net, dass déi Länner, déi bis ewell ëmmer géint esou Initiativë waren, elo hier Meenung änneren.

Lëtzebuerg gehéiert traditionell och zu deene Memberstaaten, déi géint en Ofschafe vun der Unanimitéitsreegel sinn. Déi lescht Joren hätte gewisen, dass d’Unanimitéit net verhënnert hätt, dass wichteg Decisiounen an der Steierpolitik geholl gi wieren, heescht et dann och op Nofro aus dem Finanzministère.

Back to Top
CIM LOGO