Petitioun krut iwwer 4.500 ËnnerschrëftenUnerkennung vu palästinenseschem Staat muss an der Chamber debattéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Eng ëffentlech Petitioun, déi d'Unerkenne vum palästinensesche Staat fuerdert, huet a kuerzer Zäit méi wéi 4.500 Ënnerschrëften erreecht.
© RTL

Dat ass de Seuil, vun deem un eng Petitioun an der Chamber muss debattéiert ginn. Dës Unerkennung duerch Lëtzebuerg wier e wichtege symbolesche Schrëtt, schreift den Auteur vun der Petitioun 3023.

D’Petitioun war eréischt virun e puer Deeg fir d’Ënnerschrëften opgaangen a kann nach e gudde Mount laang signéiert ginn.

© chd.lu

Ee vun de Signatairë vun der Petitioun ass eegenen Aussoen no de fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn, wéi hien dës Woch op Facebook bekannt gemaach huet.

Et wier ee vu senge Regreten, no bal 2 Joerzéngten als Ausseminister, keng Majoritéit fir d’Unerkenne vu Palästina an der Chamber fonnt ze hunn. Dat wier weder mat der CSV, nach mat der DP méiglech gewiescht, sou de fréiere Chefdiplomat, och wann ee sech mat déi gréng eens gewiescht wier.

De Jean Asselborn begréisst an deem Zesummenhang rezent Aussoen am Sënn vun enger Zwee-Staate-Léisung. Nieft dem Staat Israel, deem seng Bierger d’Recht hätten, a Sécherheet a Fridden ze liewen, misst och Plaz si fir e Staat, an deem och d’Palestinenser a Fridden, Sécherheet an Dignitéit liewe kéinten.

Back to Top
CIM LOGO