
Hei ass den Unhänger vun engem Camion kuerz hannert der Kéier getippt an huet d'Leitplanken beschiedegt. Dowéinst goufe souwuel d'Opfaart wéi och déi riets Spur op der A4 gespaart. Et gouf bei deem Accident kee blesséiert, ma da Materialschued ass héich.

Et housch, déi Regioun wärend den Opraumaarbechten z'evitéieren.
Automobilisten, déi an der Opfaart vun der Collectrice op d'Escher Autobunn blockéiert ware wéinst dem Accident, goufe vun der Police ëmgedréit a konnten du weiderfueren.
Am Laf vum Mëtteg konnt d'Jonktioun nees fir den Trafic opgoen.