Vu September unUni Lëtzebuerg wäert a 4 Fachgebidder en neie Bachelor-Studium ubidden

RTL Lëtzebuerg
Medezin an Naturwëssenschaften sinn hei am Land gefrote Fachgebidder.
4 Nei Bachelor-Studium op der Uni Lëtzebuerg
Medezin an Naturwëssenschaften sinn hei am Land gefrote Fachgebidder.

Dowéinst wäert een op der Uni Lëtzebuerg vu September u 4 nei Bachelor-Studiengäng, also déi éischt 3 Joer, kënne maachen. Dat an der Medezin, der Mathematik, der Physik, grad ewéi der Ingenierie. Domadder äntwert d’Uni op Besoine vun de Studenten, der Populatioun an der Industrie.

An der Medezin gouf an de leschte Jore just e Studium vun engem Joer ugebueden. Wei et heescht, soll deen neie Bachelor an deem Beräich an Zukunft méi modern sinn an d’Encadrement vun de Studente verbessert ginn.

Wat den neie Bachelor an der Ingenierie ugeet, wéilt ee besonnesch der staarker Nofro vun de Betriber nogoen, déi aktuell no Ingenieuren hei am Land sichen. Beim neie Bachelor an der Mathematik an der Physik gëtt besonnesch d’Qualitéit vum Studium verbessert. Zejoert hate sech eng 50 Studente fir d’Mathematik-, a méi ewéi 30 Studente fir d’Physik-Ausbildung ageschriwwen. An deene Beräicher wäerten d’Zuele vun den Aschreiwungen awer an Zukunft weider wuessen.

Beim neie Studium an der Physik geet et virun allem drëms, déi mathematesch Fäegkeeten auszebauen. Donieft gëtt eng grouss Auswiel u Fächer ugebueden, fir Spezialisatiounen ze erméiglechen.

Back to Top
CIM LOGO