Neit Jugendschutz- a JugendstrofgesetzUnisec gëtt ëmgebaut zu Jugendprisong

RTL Lëtzebuerg
Zënter enger Zäitche gëtt un engem neie Jugendschutz- a Jugendstrofgesetz geschafft. Am leschten Deel vun eiser Serie, erkläre mir d'Changementer.

Aktuell gëtt et just ee Gesetz, wat “Protection de la Jeunesse” heescht. An dësem Text ass alles festgehalen, wou et ëm de Schutz vun engem Mannerjärege geet. Also dacks wann e Problem beim Kand Doheem ass. Esou zum Beispill bei Vernoléissegung, Gewalt oder Mëssbrauch.

De Problem ass, dass de Strof-Volet aktuell och ënnert d’Gesetz “Protection de la Jeunesse” fält an och ënnert déi selwecht Prozedur fält. Dat géif an der Praxis zu Problemer féieren. Doduerch wier vum Secteur d’Demande gewiescht, déi zwee verschidde Beräicher ze trennen. Ma genee dat ass elo an der Aarbecht.

Aus ee maach dräi

Den Dossier ass elo scho sou wäit, dass et en Text fir de Jugendschutz, en Text fir d’Jugendstrofrecht an en Text fir Mineuren, déi Zeien oder Affer vun enger Gewaltdot sinn, gëtt. “Dat heescht et wäerten zwou verschidde Prozedure ginn mat zwou Geriichtsinstanzen a kloer getrennten Acteuren, déi entweder fir dat eent oder fir dat anert zoustänneg sinn”, erkläert d’Justizministesch Sam Tanson a Bezuch op d’Trennung vu Jugendschutz- a Jugendstrofgesetz.

Natierlech wier ee sech bewosst, dass béid Beräicher sech heiansdo iwwerschneiden. Am Sënn vu: Jonker, déi eigentlech am Schutz-Volet sinn awer och stroffälleg ginn. Zesumme mat auslänneschen Experten hätt ee sech dësem Sujet och ugeholl an et géif een dofir suergen, dass de Mannerjäregen ëmmer weess, a wéi enger Situatioun e sech grad befënnt. “A jee nodeem ob de Mannerjäregem Schutz brauch oder eng Strof muss kréien, spillen och aner Prozeduren an et sinn aner Acteuren dofir zoustänneg”, sou d’Explikatioun vun der Justizministesch.

Kloer definéiert Strofen a méi Garantië fir d’Mineuren

Aktuell hunn d’Mineure manner Garantië wéi e Volljäregen. E Volljäregen, dee verurteelt gëtt, kritt zum Beispill beim Urteel kloer gesot, wéi laang seng Strof dauert. E Mineur gëtt an d’Unisec bruecht a weess net wéini en nees erauskënnt. D’Placement kann nämlech ëmmer rëm verlängert ginn, ofhängeg vun der Entwécklung vum Jonken an der Unisec.

Mam neie Gesetz soll de Jugendlechen, deen déi schlëmmste Strof, also Fräiheetsentzug, kritt, kloer gesot kréien, wéi laang seng Strof gëllt.

“Mir hunn heivir de Strofkatalog vun de Majeure geholl an déi virgeschriwwe Strofen fir de Mineur hallwéiert. Déi sinn elo och kloer definéiert an et ass festgehalen, wéini een eng Prisongsstrof ka kréien”, sou d’Sam Tanson.

Dës weidere muss mam neie Gesetz all Mineur en Affekot hunn oder gestallt kréien, wann e virun de Riichter kënnt. D’Elteren respektiv d’Famill soll och reegelméisseg iwwert Decisiounen an den Zoustand vum Mineur informéiert ginn.

Och den Alter huet ee beschäftegt

Den Ament ass zu Lëtzebuerg nach keen Alter festgeluecht vun deem un ee ka rechtlech Konsequenze kréien. Dat eenzegt wat Stand Haut scho gëllt, ass dass e Jonke vu 16 Joer un, ënnert der Prozedur vum Erwuessene verurteelt dierf ginn, ofhängeg vun der Virgeschicht a wéi schlëmm d’Strofdot war.

Dat neit Jugendschutz- a Jugendstrofgesetz soll dann awer fir Mineuren vun 13 Joer u gëllen an dat bis zu der Volljäregkeet. Den Text kann awer och an Ausnamefäll bis 21 Joer applizéiert ginn, wann eng Expertise eng “Immaturité interlectuelle” beim Jonken tëscht 18 an 21 Joer konstatéiere kann. “Dat sinn Diapositiven, déi et och am Ausland ginn a mir kruten ugeroden, dat och an den neien Text mat anzebannen”, sou d’Ministesch.

D’Mineure kommen dann fir op d’mannst 6 Méint an déi zoue Struktur, wann si verurteelt ginn. Méi kuerz Strofen hätte pedagogesch gesinn kee Sënn, well een da keng Zäit hätt wierklech mam Mineur ze schaffen. “Et geet jo net drëm se einfach ewechzespären, mee wierklech ze kucken wat dohannert stécht.”

Unisec kee kloert Baukonzept?

Wéi déi zoue Struktur vum CSEE gebaut gouf, wier nach net ganz kloer gewiescht, fir wien d’Unisec geduecht ass. An dat géif een um Gebai mierken. D’Gebai wier kee richtege Prisong an et wier awer och keng Struktur, wou ee laang kéint bleiwen. “Et feelt u richtege Beweegungsméiglechkeeten, et ass kleng. An op der anerer Säit entsprécht d’Unisec awer och net de Sécherheetsmoossnamen, déi musse gi sinn, fir wierklech schlëmm Fäll”, erkläert d’Sam Tanson.

Mam neie Gesetz gëtt d’Unisec e Prisong fir Mineuren, déi stroffälleg gi sinn an ënnert d’Konditioune falen, fir eng Prisongsstrof ze kréien. De Jugendprisong soll dann och ënnert d’Tutelle vun der Prisongsverwaltung kommen a vun dëser geréiert ginn. Fir dass aus der zouener Struktur och e richtege Jugendprisong gëtt, muss dës awer ëmgebaut ginn. D’Projeten géifen hei scho lafen. Wann d’Unisec wéinst den Ëmbauaarbechte muss provisoresch zougemaach ginn, sollen d’Mineuren déi Zäit am Uerschterhaff ënnerkommen.

“Dat ass zwar keng perfekt Léisung, mee eben eng provisoresch Léisung”, sou d’Ministesch.

Ännerungen net fir Haut oder Muer

Scho laang gëtt un dëse Changementer an un den neien Texter geschafft. A Kraaft trieden, wäert dat neit Gesetz an noer Zukunft awer warscheinlech net. “Mir sinn nach um Finetuning. Et sinn nach e puer Changementer ze maachen. Elo ass Summerpaus an der Chamber, duerno sinn d’Walen an da muss déi nei Regierung sech zesummesetzen. Et géif mech wonneren, wann et dëst Joer nach ka gestëmmt ginn. An dat natierlech och just wann déi nei Regierung dat dann och wëll”, sou d’Justizministesch.

Dass déi nei Regierung déi Changementer awer net wéilt, gesäit d’Sam Tanson éischter als onwarscheinlech, well sech vill op d’EU-Direktiv baséiert. Och den Educatiounsministère mengt net, dass déi Aarbecht vun de leschte Jore fir näischt war.

CSEE - dezentraliséiert

Wann et bis esou wäit ass, wéilt de CSEE de Site zu Dräibuer komplett opginn. Et wéilt ee souwisou op de Wee goen, méi Wunngruppen, awer dofir méi kleng Strukturen ze hunn. Wéi zu Buerglënster sollen d’Strukturen dann an d’Dierfer integréiert ginn, dat géif do nämlech besser klappe wéi geduecht. Den Ament wiere véier nei Projete geplangt. Wou genee déi wäerte sinn, wollt de Ministère eis nach net soen. “Mir musse fir d’éischt mat de Leit aus den Dierfer schwätzen, fir dass net direkt Panik ass.”

An de Wunngruppe sollen da 4 bis 6 Mineure maximal zesummeliewen a méi enk betreit sinn. Esou géif een evitéieren, dass ze vill Mineure mat den ënnerschiddlechste Problemer zesummekommen. Mat méi a méi klenge Strukturen, kéint ee ganz spezifesch Wunngruppen ubidden.

Zënter kuerzem géif een op déieregestützte Pedagogik setzen. Dat wéilt een an Zukunft méi mat abauen. Dës weidere gëtt et bal keng Strukture fir Jonker, déi volljäreg sinn. De CSEE géif gäre Strukturen ubidden, fir Jonker och no der Volljäregkeet ze encadréieren, wéi d’Direktioun matdeelt.

Am Groussen a Ganze géife vill positiv Ännerunge mat den neie getrennte Gesetzer fir d’Mineure kommen. Da wier nämlech den Optrag an den eenzele Gruppe méi kloer an et kéint ee reng pedagogesch schaffen, sou d’Joëlle Ludewig vum CSEE.

Déi lescht Etapp fir Mineuren: Alles roseg zu Dräibuer a Co?
1. Deel Ex-Personal vum CSEE erzielt: Sex, Drugs and Rock’n’Roll - Un der Dagesuerdnung zu Dräibuer?
2. Deel “Placement hënnert déi Jonk net drun gewalttäteg a stroffälleg ze ginn.”
3. Deel Konflikter evitéieren: Tëscht Trauma-Pedagogik an haart duerchgräifen
4. Deel Anere Bléckwénkel Wéi erliewe Mineure Strukture wéi Dräibuer?
5. Deel Ministère: “Ech weess net wat mir sollte verstoppen.”

Back to Top
CIM LOGO