cityCLIM huet sech zum Zil gesat, fir Servicer ze entwéckelen, déi hëllefen, den urbane Raum besser un déi klimatesch Verännerungen unzepassen.
Mat Karlsruhe, Valencia a Lëtzebuerg, mat RTL als Mediepartner, maachen 3 europäesch Stied a mat Mazedonien eng ganz Regioun beim Projet mat. Et geet awer och drëms, Toolen ze entwéckelen, déi de Leit hëllefe sollen, besser mat der grousser Hëtzt an de Stied ëmzegoen.
Ee Resultat dovunner ass déi sougenannten “Heat Sensation Kaart”, wou ee säi perséinleche Confort-Hëtzt-Beräich kann uginn an esou gewise kritt, op wat fir enger Plaz an der Stad Lëtzebuerg et am agreabelste fir een ass.