Waasserproblematik zu AllënsterUrsaach vum verknaschte Waasser nach ëmmer net fonnt

Christophe Hochard
Zu Allënster ginn d'Awunner nach ëmmer opgefuerdert, net vum Krunn ze drénken...
VIDEO: Waasserproblematik zu Allënster nach ëmmer net geléist
Zu Allënster ginn d'Awunner zanter Méint opgefuerdert, net vum Krunn ze drénken...

Jiddweree wëll proppert Waasser, eng Kanalisatioun an eng Klärung déi fonctionnéiert, mä sou selbstverständlech ass dat net ëmmer...

Zanter elo schonn e puer Méint ploe sech d'Awunner vun Allënster mam Drénkwaasser. Et ass verknascht an d'Gemengeresponsabel, zesumme mat professionelle Betriber, hunn d'Ursaach vun dësem Problem nach net fonnt. Vun der nächster Woch un sollen nei Mesurë geholl ginn, fir der Ursaach op de Fong ze goen.

Zu Allënster ginn d'Awunner nach ëmmer opgefuerdert net vum Krunn ze drénken. Obwuel schonn eng Partie Waasserkontrollen duerchgefouert goufen, ass d'Source vum Problem nach net detektéiert. D'Froe "Wou" a "Wat" sinn nach net gekläert.

Back to Top
CIM LOGO