Keng "Vakanz" dëst JoerVakanzefoire fält fir dat drëtt Joer hannerteneen aus

Jeannot Ries
No zwee Joer Pandemie hätt dëse Weekend déi 30. Editioun vun der Vakanzefoire solle sinn. Déi fält awer aus guddem Grond aus.
Vakanzefoire fält fir dat drëtt Joer hannerteneen aus
No zwee Joer Pandemie hätt dëse Weekend déi 30. Editioun vun der Vakanzefoire solle sinn. Déi fält awer aus guddem Grond aus.

No zwee Joer Pandemie hätt dëse Weekend déi 30. Editioun vun der Vakanzefoire solle sinn. Déi fält awer aus guddem Grond aus.

“Ventë sinn net an d’Luucht gaangen duerch eng Foire. Haut leie mer scho quasi d’selwecht wéi 2019. Souguer besser deelweis. An dofir, am Fong, reng kommerziell ass d’Foire Vakanz net néideg. Op emotionaler Basis, et ass e flotte Rendez-vous gewiescht. Mir konnte mat de Clienten diskutéieren. Eis weisen. An dann och villäicht de Bols e bëssche villen. Wou geet d’Rees hin? Reng emotional ass et eng flott Geschicht gewiescht, ma finanziell a kommerziell ass et am Fong net néideg”, esou de Fernand Heinisch, President Lëtzebuerger Unioun vun de Reesagencen.

Januar 2020 waren nach eng 30.000 Visiteuren an der Luxexpo um Dill fir hier schéinst Zäit am Joer ze plangen.

Statistike vu virun der Pandemie schwätze fir sech: 70 Prozent vun de Resident sinn op d’mannst ee Mol am Joer an d’Vakanz gaangen. Oder besser, virun allem geflunn. An d’Loscht ze reesen, se koum also séier zeréck, och ouni Foire.

De Bols fillen, wou d’Leit hiwëllen. Dat maachen déi Responsabel aus der Rees-Branche Dag fir Dag an de Rees-Büroen uechter d’Land. Beléift sinn do ëmmer méi déi an den Akafszenteren, iwwerdeems d’Leit sech manner an déi grouss Stied deplacéieren.

“Et gëtt schonn zanter 20 Joer gesot, d’Rees-Büroe stierwen aus. D’Wieder iwwer déi lescht Woche spillt wuel mat. Den Ament gammsen déi meescht no Sonn. Mir mierken awer elo - duerch d’Pandemie hu mer e richtege Revival kritt vun de Rees-Büroen. Et ass eng ganz nei Clientèle déi an d’Rëss-Büroe kënnt. Déi Jonk. De Rees-Büro ass fir mech net ze ersetzen. Et gëtt eng Plus-value. En ass no beim Client. En ass do fir de Client. Dat kann den Internet ni ersetzen”, sou de Fernand Heinisch weider.

Nieft den traditionellen Destinatioune wéi Frankräich, Däitschland, Spuenien, Portugal an Italien, ginn och nei Destinatiounen ëmmer méi beléift. Skandinavien an Island, mee och d’USA a Kanada si gefrot. Süd-Afrika bleift beléift. 2023 wier och d’Joer vum Retour vun de Croisièren, wat d’Reservatiounen an de Rees-Büroen ubelaangt.

Wien dëst Joer reest, muss generell dermat rechnen, dat d’Präisser ëm 10 bis 15 Prozent ugezunn hunn. Fir Fliger an Hotel.

Back to Top
CIM LOGO