
E wéineg méi spéit gouf d'Police dann nach eemol alarméiert, dës Kéier wéinst engem Feier op der nämmlechter Plaz. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hunn se tatsächlech misse feststellen, dass sech staarken Damp entwéckelt hat an um Rez-de-chaussée war Feier ze gesinn. Beim Gebai huet et sech iwwregens ëm 3 eidel Eefamilljenhaiser gehandelt.
Am Gebai hunn d'Beamte vun der Police dunn zwee Männer begéint. Ee vun de Männer ass fortgelaf, deen aneren huet sech ouni Widderstand festhuele gelooss. De Mann deen sech wollt aus dem Stëbs maachen, konnt allerdéngs no e puer Meter gestoppt ginn.
Um 2. Stack hunn d'Beamten du misse feststellen, dass et och um 2. Stack gebrannt huet. De Brand konnt allerdéngs séier ënner Kontroll bruecht ginn an dass e méi grousse Schued entstanen ass.
Béid Männer goufe protokolléiert an d'Spuresécherung vun der Police huet sech mat den Ermëttlunge sur Place befaasst.