
Véier Jugendlecher goufen do vun engem Mann ugeschwat, dee si opgefuerdert huet, him seng Suen ze ginn. Wärend dëser Diskussioun koumen nach dräi aner Männer dobäi, déi dem Täter gehollef hunn. Zwee Jugendlecher goufen dobäi op de Buedem gehäit, zwee anerer konnte fortlafen. Engem vun den Affer goufe Mutz an Händsche geklaut, dono sinn d’Täter fortgelaf.
Wéi d’Police schreift, gouf awer kee blesséiert. D’Ermëttlunge lafen.