Op eise StroossenVéier Persounen ugestouss, Samu zwee Mol am Asaz - Police sicht Zeien

RTL Lëtzebuerg
Zu Diddeleng, Angelduerf a Miersch gouf et Tëschefäll, bei deene Persounen ugestouss gouf.

Am Fall an der Lëtzebuerger Strooss zu Diddeleng goufen zwou Persounen ugestouss a blesséiert. Wéi d’Police schreift, wieren zwee Foussgänger vun enger Camionnette ugestouss ginn. Ee vun de Foussgänger gouf schwéier blesséiert. E Mann war mat sengem Kand iwwert d’Strooss gaangen, de Chauffer vun de Camionnette konnt awer net méi mat Zäite bremsen a krut béid Persounen ze packen. D’Kand koum fir eng Kontroll an d’Spidol, well ee keng gréisser Blessure feststelle konnt. De Mann dogéint gouf schwéier blesséiert. Hie gouf nach op der Plaz vum Samusdokter behandelt a koum dono an d’Spidol.

An der Ettelbrécker Strooss zu Angelduerf koum et op der Héicht vum Schnellrestaurant zu engem Accident, bei deem eng Foussgängerin ugestouss a blesséiert gouf. De Rettungsdokter war am Asaz. Wéinst dësem Accident sicht d’Police elo och no Zeien, fir den Virgang novollzéien ze kënnen. Dofir solle sech Leit sech bei der Police zu Dikrech mellen um (+352) 244 80 1000 oder per E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.

Eng weider Persoun gouf zu Miersch ugestouss a blesséiert.

Zu Diddeleng waren déi lokal Rettungsekippen, hir Kolleegen aus Keel an de Samu am Asaz. Zu Angelduerf waren et d’Ekippe vun der Nordstad, de Samu an déi lokal Rettungsdéngschter an zu Miersch kruten déi Mierscher Ënnerstëtzung aus Lëntgen. Passéiert sinn d’Accidenter all tëscht 17 an 18.45 Auer.

Da mellt d’Police nach, datt een e fréie Mëttwoch de Moien en Auto am Garer Quartier an der Stad ugehalen huet, deen iwwert d’Tramsschinne gefuer ass an an d’Avenue Marie Thérèse ofgebéit ass. De Chauffer hat ze vill gedronk a krut de Permis ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO