Kautebaach/Schëttbuerg-MillenVëlosfuerer déidlech verongléckt

RTL Lëtzebuerg
Am Norde vum Land gouf e Mëttwoch de Mëtteg géint 16.30 Auer en accidentéierte Cyclist gemellt.
Vëlosfuerer déidlech verongléckt
Am Norde vum Land gouf e Mëttwoch de Mëtteg géint 16.30 Auer en accidentéierte Cyclist gemellt.

Éischten Informatiounen no soll de Mann an enger Kéier en Hang erofgefall sinn. Hie gouf schwéierblesséiert an d'Spidol bruecht, wou hie kuerz drop u senge Blessure gestuerwen ass.

© RTL Mobile Reporter

Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet, fir erauszefannen, wéi et zum Ongléck komme konnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus dem Kiischpelt, grad wéi de Rettungshelikopter.

Back to Top
CIM LOGO