Fir de Bauer Christian Hahn vu Rued bei Ell ass d'Situatioun däitlech. Op senge Felder gesäit een d’Suitte vun de leschte Wochen op den éischte Bléck. De Mais rullt seng Blieder an, d'Spëtzte gi brong an d’Planzen entwéckele sech vill méi lues ewéi normal.
"An de leschten zwee Méint huet eis ongeféier d'Hallschent vum normale Ree gefeelt“, erkläert hien. Besonnesch op de liichte Biedem wier dat problematesch. Zwar hätt de Wanter nach e puer Reserven u Fiichtegkeet hannerlooss, mee déi géifen elo ëmmer méi séier opgebraucht ginn. "Am Juli hate mer bis elo bal guer kee Reen."
D’Dréchent kënnt dobäi éischter ewéi déi Jore virdrun an dat zu engem ganz empfindlechen Zäitpunkt. De Mais misst elo säi sougenannte Fändel bilden, deen d'Kolben duerno bestëbst. Bleift d’Planz duerch de Waassermangel hannendran, riskéiert si vill manner Kären ze bilden.
D’Konsequenze si schonn zanter Wochen op de Felder ze gesinn. D’Recolte vun de Wanterkulturen ewéi Weess oder Geescht hunn dëst Joer däitlech méi fréi ugefaangen. Dat ass fir de Bauer kee gutt Zeechen.
"De Kär ass gezwonge ginn, ofzedréchnen", seet de Christian Hahn. Doduerch bleift en net nëmme méi kleng, mee verléiert och u Qualitéit. Déi éischt Schätzunge géifen op Verloschter vu 25 bis 30 Prozent hiweisen.
Beim Mais kéint d'Situatioun nach méi schlëmm ginn.
"Wann elo net geschwënn eppes geschitt, da kënne Planzen ofstierwen. Et ass nach ze fréi fir definitiv Zuelen ze nennen, mee et kéint nach méi schlëmm ginn, ewéi bei de Wanterkulturen."
D’Hoffnung vun de Bauere läit elo beim Wieder. Mee e puer Liter Reen eleng géifen net méi duergoen. "Wann elo fënnef Liter op de Quadratmeter falen, bréngt dat bal näischt“, erkläert de Christian Hahn. "Et brauch elo wierklech eng Reeperiod, déi sech a Litere moosse léisst."
D’Meteorologen haten an de leschten Deeg ëmmer nees Reen ugekënnegt, ma deen huet sech ëmmer nees no hanne verréckelt. Fir d’Landwirtschaft gëtt d’Zäit domat ëmmer méi knapp.
D’Dréchent huet net nëmmen Auswierkungen op d’Recolten, mee och op d’Déierenhaltung. Mais ass ee vun de wichtegste Fuddermëttel fir Ranner am Wanter. "Wa mir wierklech nëmmen nach d’Hallschent vum Mais kréien, dann ass dat och nëmmen d’Hallschent vum Fudder fir de Wanter", warnt de Bauer.
Dat kéint dozou féieren, datt verschidde Baueren hir Fleesch-Béischte scho virum Wanter misste verkafen oder schluechte loossen, well d’Versuergung net méi garantéiert wier. Och d’Mëllechproduktioun kéint ënner der Hëtzt leiden. Bei héijen Temperature géif d’Leeschtung vun de Mëllechkéi traditionell liicht zeréckgoen. Gläichzäiteg wier de Präis fir Schluechtvéi an de leschte Wochen éischter ënner Drock geroden.
Eng Alternativ wier normalerweis, Fudder aus Frankräich, Däitschland oder der Groussregioun nozekafen. Mee genee dat kéint dëst Joer schwéier ginn. "D'Nouvellen aus den Nopeschlänner sinn och net gutt", seet de Christian Hahn. "Wann do d'Recolte genee esou schlecht ausfält, da gëtt et och do manner Mais a manner Fudder." Dat bedeit net nëmmen eng méi kleng Offer, mee méiglecherweis och däitlech méi héich Präisser.
Fir de Bauer weist dëse Summer virun allem, wéi wichteg et gëtt, d’Betriber breet opzestellen. No zwee ganz naasse Joren ass et elo nees eng extrem dréche Saison. "Et gëtt ëmmer méi wichteg, verschidde Kulturen unzebauen", erkläert hien. Esou kéinten Ausfäll an enger Kultur duerch aner Produiten op d'mannst zum Deel kompenséiert ginn. Mee och dat huet seng Grenzen, wann eng ganz Regioun ënner Waassermangel leit.
Ma nach ass d'Hoffnung net verluer. Wann an den nächste Woche genuch a virun allem reegelméisseg Ree fält, kéint sech virun allem de Mais nach deelweis erhuelen. Bleift d'Dréchent awer bestoen, da kéint dëse Summer fir vill Lëtzebuerger Baueren zu engem vun de schwieregste vun de leschte Jore ginn.