Am Garer QuartierVerdächtegen no Abroch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg koum et an der Stroossbuerger Strooss am Stater Garer Quartier zu engem Abroch a Geschäftsraimlechkeeten.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Éischten Informatioune vun der Police no ass de Brigang duerch eng Fënster geklommen an huet d’Keess geklaut. Am Kader vun enger direkt ageleeter Sichaktioun konnt de Verdächtege mat der geklauter Keess vun enger Patrull gestallt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an huet am Nomëtteg Rendezvous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO