2 nei GesetzesprojetenVerdeele vu bezuelbare Wunnenge méi effikass, transparent a gerecht maachen

Pierre Jans
De Logementsminister versprécht sech mat 2 neien Texter grouss Verbesserunge vun der Situatioun um ëffentleche Wunnengsmaart.
© RTL Archiv

Reaktiounen op Gesetzestexter - Reportage Pierre Jans

Zwee nei Gesetzprojeten hunn als Zil, d‘Schafen an d‘Verdeelen vun bezuelbaren ëffentleche Wunnengen méi effikass, transparent a gerecht ze maachen. De Logementsminister Henri Kox hat d’Haaptpilieren vun deene Gesetzer, déi eréischt uganks d’nächst Joer solle gestëmmt ginn, d’lescht Woch presentéiert. Hien ass sech sécher, dass se grouss Verbesserunge mat sech bréngen. De Pierre Jans huet nogefrot, wéi d‘Annoncen ënnert anerem bei der Oppositioun ukoumen.

“Jidderee wëll Léisungen géint d‘Wunnengsnout, héich Ziler begréisse mir”, erkläert d‘Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis. An hirer Ausso kritt de Logementsminister Henri Kox awer scho quasi eng tragesch Roll: “Dat ass wierklech eppes wat mir ëmmer erëm gesinn bei hire Gesetzer, dass se sech immens ambitiéis Ziler ginn: de Minister hat vun 10 bis 15 Prozent geschwat, déi e wëll an ëffentlecher Hand hunn. Mir sinn awer wäit dovun ewech. Et gëtt een sech och net d‘Mëttelen, fir déi héich Ziler z‘erreechen.”

Déi Analyse mécht och den Max Leners vun der sozialdemokratescher Fondatioun Robert Krieps. Mat de Gesetzer solle méi Leit eligibel gi fir soziale Logement. Allerdéngs – an dat net nei - gëtt elo schonn net genuch gebaut. Max Leners: “Dat ass de Problem. Wat elo annoncéiert gëtt, ass éischter eng intern Operatioun bei der Comptabilitéit, wou elo méi Sue verdeelt ginn, an aner Strukture fléissen, a verschidden Acteuren weider Missiounen kréien, an dofir och e puer Sue wäerte kréien. De Logementsproblem ass awer e Gesellschaftsproblem an dee wäert een esou net an de Grëff kréien.”

Dofir misst een d‘Spekulatioun méi decidéiert bekämpfen, betount de Max Leners ëmmer nees. D‘Société Nationale des Habitations à Bon Marché ass a bleift e Schlësselfacteur an de Pläng vun der Regierung. An enger éischter Reaktioun begréisst den Direkter Guy Entringer d‘Annoncen: “Dass mir zum Beispill eng eenzeg Lëscht kréien fir d‘Locatairen. Aktuell hu mir dausende Leit op der Lëscht. De Fonds du Logement huet deelweis déi nämmlecht Leit, Caritas, AIS, jiddereen huet déi nämmlecht. Do ass et ze begréissen, dass déi all op eng Lëscht kommen. Mir sinn och frou, dass d‘Rechnung vum Loyer vun deene Wunnengen moderniséiert a méi einfach gëtt.”

Allerdéngs muss d‘SNHBM och ëmdenken: si muss däitlech méi Wunnengen bauen, déi verlount ginn, déi dann vun engem sougenannten Bailleur social ënnerhalen ginn, mat allem wat dozou gehéiert. D‘Fro also, ob d‘SNHBM déi Roll och unhuele wäert: “Mir hunn aktuell jo schonn e Park vun ëm déi 350 Wunnengen, wou mir d‘Locatairen och selwer betreien. Ech mengen, dass mir och an déi Richtung wäerte weider fueren.”

Den Deputéierte Marc Lies ass no der Lecture vun den Gesetzprojeten méi wéi skeptesch. An der CSV-Fraktioun ass hie fir de Logement zoustänneg. Mat dëse Gesetzer wär et net méiglech, héich Ziler z‘erreechen, bedauert de Marc Lies. Als Gemengepapp vun Hesper ass hie sech sécher, dass d‘Ännerungen déi mat dëse Gesetzer kéimen, no hanne lass wäerte goen: “Wann d‘Gemengen net méi deen Ureiz kréien, ewéi bis ewell, da gëtt et schwéier. Dat heescht kee Matsproocherecht méi a manner finanziell Mëttelen fir alles ëmzesetzen. De Staat diktéiert: maach déi Aarbecht, mä du hues awer kee Matsproocherecht méi, wann et drëms geet d‘Wunnengen ze verginn, souwuel beim Verkaf, ewéi bei der Locatioun.”

De Marc Lies huet d‘Suerg, dass d‘Gemengen net méi d‘Méiglechkeeten hunn, Persounen déi scho laang an der Uertschaft wunnen an engagéiert sinn, an disponibelen Objeten ënnerzebréngen.

Back to Top
CIM LOGO