Parlamentaresch FroenVerdeele vu Masken a Gemengen u Leit iwwer 65 ass net ofgeschwat

RTL Lëtzebuerg
D'Verdeele vu Masken a Gemengen u Leit iwwer 65 Joer ass net mam Ministère oder mat der Direktioun vun der Santé an net mam Inneministère ofgeschwat.

Dat schreiwen d'Innen- a Gesondheetsministeschen Taina Bofferding a Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng dringend parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierte Marc Hansen. D'Ministèren hätten och keng offiziell Informatioun doriwwer, wat fir eng Zort vu Mask verdeelt gouf. Wa sech d'Gemengen am Verdeele vun net-medezinesche Masken engagéiere wéilten, da misste se der Populatioun de korrekte Gebrauch dovu matdeelen, fir net e falscht Sécherheetsgefill ze schafen, sou d'Ministeschen.

PDF: Äntwert vum Taina Bofferding a Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Hansen

Back to Top
CIM LOGO