Polizist verwonntVerfollgungsjuegd vu Péiteng bis an d'Belsch (Éibeng)

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg hat d'Police eng Kontroll op der N5B zu Péiteng eng Kontroll duerchgefouert. Dobäi waren och Beamte vun der Douane am Asaz.

Géint 13.50 Auer wollt e Chauffer sech der Kontroll duerch d’Douanieren entzéien. Hien ass duerch eng Stroossespär gefuer a krut e Policemoto ze paken. Dobäi gouf ee Policebeamte verwonnt. Dono ass den Automobilist weider an d’Belsch gerannt. Hie konnt um Enn zu Éibeng vun der belscher Police gestoppt ginn, obwuel en nach probéiert hat sech ze Fouss duerch d’Bascht ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO