Aus dem PolicebulletinVerkéiersaccidenter um fréie Mëttwochmoie wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch hat d'Police et nees mat enger Rei accidentéierte Chaufferen ze dinn, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.

An der Stad waren et insgesamt fënnef Chaufferen, déi ënnert ze héijem Alkoholafloss stoungen. An 3 Fäll misst de Fürerschäin ofgeholl ginn, dorënner war och eng Fra, déi géint 2 Auer un der Kräizung Boulevard General S. Patton mat hirem Gefier géint eng Stroumkëscht geknuppt ass. Si gouf net blesséiert. Och bei engem Zeien, deen der Fra zu Hëllef komm ass, gouf en ze héijen Alkoholwäert festgestallt. Béid kruten eng Plainte, ma nëmmen d’Fuererin misst hire Permis ofginn.

Géint 3 Auer an der Nuecht koum et zu engem Accident tëschent Helleng a Fréiseng, wéi en Automobilist géint e Bam geknuppt ass. Hie gouf net blesséiert, ma well och hei den Alkoholtest positiv ausgefall war, krut e säi Fürerschäin ofgeholl.

E weidere positiven Alkoholtest, dës Kéier awer ouni Verloscht vum Permis, gouf et um 5 Auer an der Nuecht, dat um Rond-point Schinker zu Park Housen. De Chauffer, dee fir Kontrollen an d’Spidol huet missen ageliwwert ginn, krut trotzdeem eng Plainte.

Back to Top
CIM LOGO