
Produzenten, déi iwwer 30% Ëmsaz-Verloscht gemaach hunn, kréien awer ënnert verschiddene Konditioune vum Staat ënnert d’Äerm gegraff. Mat iwwer 10.000 Euro an der Moyenne. D’Situatioun vun den eenzele Betriber ass awer ganz verschidden, well d’Betriber strukturell ganz ënnerschiddlech opgestallt sinn.
Verschiddener wëllen hir Schwéngsproduktioun och auslafe loossen. De Ministère stéing hinnen op alle Fall berodend zur Säit, dat preziséiert de Landwirtschaftsminister Schneider a senger Äntwert op eng Question parlamentaire.