
Dës Decisioun gouf am Kader vun der Reform vun der parlamentarescher Aarbecht geholl an huet als Zil, fir d’Aarbechten an der Chamber fir d’Bierger méi attraktiv ze maachen. “Et ass wichteg, déi parlamentaresch Aarbecht méi transparent ze maachen, andeem ee se de Leit accessibel mécht”, esou de Chamberpresident Claude Wiseler (CSV).
Esou wäert een an noer Zukunft dann d’Sëtzunge vun de Kommissiounen Agrikultur, Logement an Aménagement du territoire*, Environnement, Educatioun a Medie kënne live um Site vun der Chamber suivéieren. Dës Seancë wäerten dann och am Replay op chd.lu ze fanne sinn.
Bis et esouwäit ass, wäerten awer nach verschidde Modifikatiounen um Reglement vun de Kommissioune musse gemaach ginn, fir et un déi nei Situatioun unzepassen.
*An enger éischter Versioun hat d’Chamber vun der Kulturkommissioun geschwat, huet dëst awer kuerz drop korrigéiert.
Link: Weider Detailer fannt der am Schreiwes vun der Chamber