Logementsdebatt um KrautmaartVerschidde Gemenge géifen ze deier um private Marché verkafen

RTL Lëtzebuerg
Et war net déi éischt a sécher net déi lescht Logementsdebatt um Krautmaart.

Déi Kéier haten déi Gréng eng Aktualitéitsstonn gefrot. Am Fokus stoung d'Roll vun de Gemengen an d'Kritik vun deene Gréngen, datt verschidde Gemengen um private Marché zu héije Präisser géinge verkafen an esou hëllefen, d'Präisser weider an d'Luucht ze dreiwen. Déi aner Majoritéitsfaarwe gesinn d'Saach ähnlech.

Logement an der Chamber/Reportage Pit Everling

Logementsdebatt um Krautmaart
Verschidde Gemenge géifen ze deier um private Marché verkafen, esou d'Kritik vun de Regierungsparteien.

D'Zil vun enger Gemeng dierft et op alle Fall net sinn, fir Beneficer ze maachen, seet d'Inneministesch Taina Bofferding, do wäert een als Ministère en Aen drop hu beim tranchéieren.

D'CSV an d'ADR gesinn allerdéngs déi legal Basis net, mat där d'Ministesch sou Ventë kéint refuséieren. Allgemeng dierft keng Hexejuegd op Gemenge gemaach ginn, esou de Marc Lies vun der CSV.

Dacks géingen et valabel Grënn fir Ventë ginn, zum Beispill bei engem Tosch. D'Logementsministesch Sam Tanson stellt fest, datt d'Gemengen ëmmer méi aktiv géinge ginn.

Fir d'Gemenge weider z'ënnerstëtzen, soll och gekuckt ginn, wéi d'Aidë kéinten iwwerschafft ginn.

E Mëttwoch war et dann d'Suite vun der Orientéierungsdebatt iwwert d'Biolandwirtschaft, déi en Dënschdeg duerch ee Feieralarm an der Chamber, hat mussen ofgebrach ginn. Et goufen an dem Kontext zwou Motiounen ugeholl. Eng dovun fuerdert d'Regierung op, am Domaine vun der Biolandwirtschaft konsequent an d'Recherche ze investéieren an d'Primmen ze adaptéieren. D'Motioun gouf mat 35 Jo-Stëmmen ugeholl. An enger zweeter Motioun ass et den Appell un d'Regierung eng Promotiouns- a Sensibiliséierungscampagne fir de Lëtzebuerger Bio-Wäin ze initiéieren.

Um Programm stoung och eng Consultatiounsdebatt iwwert d'Digitaliséierung hei am Land. An enger Motioun gouf d'Regierung opgefuerdert eng Aktiounsplang auszeschaffen, wat déi digital Inclusioun betrëfft, ënnert anerem fir Senioren. Donieft misst och den Accès zu den ëffentlechen Donnéeën vun Administratiounen vereinfacht ginn. D'Motioun gouf mat 58 Jo Stëmmen ugeholl. Déi zwee Deputéiert vun déi Lénk hunn sech enthalen.

Back to Top
CIM LOGO