
Fir e Mann, dee mat sengem 1. Uerteel an enger Affär vu versichtem Mord net averstane war, kéint sech de Wee op d'Cour d'appel net gelount hunn. Do huet d'Vertriederin vum Parquet général nämlech e Méindeg 20 Joer Prisong fir hie gefrot. An 1. Instanz waren nëmmen, tëscht Gänseféisercher, 18 Joer gesprach ginn.
Dem Mann war virgehäit ginn, am Juli 2017 op der Kockelscheier versicht ze hunn, eng Fra mat engem Messer ëmzebréngen. Op d'mannst 3 Stéch hat si hannen an den Hals kritt. D'Appellsuerteel gëtt den 13. Februar gesprach.