
Mat enger Partie Kaart, am Mee 2018 an engem Café zu Bettenduerf, déi ausgeaart war, gouf sech um Dikrecher Geriicht befaasst. E Mann vu 46 Joer krut dunn nämlech wéinst versichtem Doudschlag de Prozess gemaach, well hien an der Suite dovun e Messer a säin Auto siche war an e Mann vun 38 Joer an d'lénks Säit gepickt hat.
E Geriichtsmedeziner huet vun enger, Zitat, „net akuter, mä abstrakt liewensgeféierlecher“ Blessur geschwat. De Stéch an d'Säit hat eng Déift vun 10cm an déi 10. Rëpp getraff. Eng Operatioun war zwar net néideg, nawell louch de Mann 3 Deeg an der Rea.
De Mann hätt Gléck gehat, dass déi lénks Nier net méi uerg verwonnt gouf, sou de Rechtsmedeziner. E Polizist sot, de Beschëllegten hätt op der Plaz vun der Dot mat den Hänn an der Luucht do gestanen a gesot, hie wär et gewiescht. Den Ugekloten hätt net grad 1,7 Promill Alkohol am Blutt gehat.
De Wiert huet erkläert, déi zwee Männer hätte beim Comptoir gestridden. Wéi d'Affer dorop geschloen hätt, hätt hie gesot, si zwee sollten eraus. Do wär et zu Menacë vum Beschëllegte komm, woubäi d'Ausso, dee géif den anere Mann ëmbréngen, vum Wiert als Gebraddels opgeholl gouf. Den Ugeklote wär awer op eemol mat engem Messer erëmkomm, d'Affer hätt nach en Terrassestull geholl, fir sech ze verdeedegen, ma du wär et scho geschitt. D'Affer hätt vill Blutt verluer.
Fir de Beschëllegten hätt de Fait, dass hie vernannt gouf, am Zesummespill mam Alkohol, zur Dot gefouert. Hien hätt ni geduecht, dass hie sou eng Dommheet maache géif, d'Messer gehat, fir z'intimidéieren, an dem Affer net mam Doud gedreet.
Nodeems d'Me Françoise Gonner als Affekotin vum Affer eng Expertise gefrot huet, fir deem säi Schued festzeleeën, huet de Me Steve Rosa, Affekot vum Ugekloten, gemengt, säi Client hätt net d'Absicht gehat, fir den anere Mann doutzemaachen. Dofir sollt, wann eng Prisongsstrof géif gesprach ginn, déi mam Sursis sinn. Fir d'Vertriederin vum Parquet loung dogéint eng Absicht fir doutzemaache vir. Wéinst versichtem Doudschlag sollt de Beschëllegten zu 10 Joer Prisong, zum Deel mat Sursis, veruerteelt an d'Messer confisquéiert ginn.
D'Uerteel ass fir de 26. September.