
D’Wuelbefannen op der Aarbecht huet duerch d‘Pandemie och d‘lescht Joer enorm gelidden. Dat huet déi neisten Quality of Work Index Enquête vun der Salariatskammer erginn. Wärend déi kierperlech Belaaschtung op der Aarbechtsplaz am leschte Joer weider erofgaangen ass, ass d’Zuel vun den Aarbechtsstonnen an och d’Disponibilitéit ausserhalb vun de Büroszäiten eropgaangen. Den Télétravail huet am Verglach zu 2020 nach weider zougeholl. Dat virop bei de Frontalieren an am Secteur vun de Finanzen an Assurancen.
Duerch d’Pandemie kéint een d’Salariéen an zwou grouss Gruppen opdeelen, esou den David Buechel vun der Salariatskammer. Engersäits Leit mat méi intellektuelle Beruffer, déi gréisstendeels am Homeoffice schaffen an doduerch op hirer Aarbechtsplaz zwar kaum e Risiko hu sech mat Covid19 unzestiechen, dofir awer ëmmer méi Schwieregkeeten hu Beruffleches vu Privatem ze trennen. An anerersäits Leit, déi wéinst dem Coronavirus a penibelen Aarbechtskonditioune schaffen, méi e grousse Risiko hu sech op der Schaff mam Virus z’infizéieren an och dacks eng Perte an der Pai hunn, wa si eventuell am Chômage partiel sinn.
Ma béid Gruppe wieren net fräiwëlleg an där Situatioun a bei en alleguer hätt d’Pandemie d’Moral deels zolidd gedréckt, wéi den David Buechel erkläert.
„Effektiv, eis Donnéeë vun der Motivatioun an dem Bien-être weise ganz kloer, dass d’Moral 2021 net besser ginn ass, mä éischter méi schlecht, an dass d’Fro vun der Work-Life-Balance fir all eenzelen, deen dobausse schafft, nach méi wichteg ginn ass an d’Bewosstsinn virun allem fir déi Fro ass vill méi grouss ginn.“
Allgemeng huet dann och d’Motivatioun op der Aarbecht an de leschten zwee Joer gelidden an ass am Verglach zu 2020 lescht Joer nach e Stéck erof gaangen.
„Änlech gesäit et aus mam Niveau vum generelle Bien-être, wou mir den déifste Level erreecht hunn, säit der Enquête mat engem Minus vu 14% par Rapport zu 2016. An do si mer wierklech, muss ech soen, par Rapport zu 2020 e gudde Krack erofgefall.“
Facteure fir méi Zefriddenheet op der Aarbecht sinn iwwerdeems, wéi vill d’Leit an Decisioune mat agebonne ginn, wéi vill Feedback si fir hir Aarbecht kréien, wéi eegestänneg si kënne schaffen a wéi gutt si sech weider kënne forméieren. Ma an all dëse Beräicher ginn d‘Wäerter an de leschte Jore kontinuéierlech erof.