Prisong UerschterhaffVerwaltungsgeriicht setzt zwou Decisioune vum Ministère aus

RTL Lëtzebuerg
E Recours vun enger Firma bei der Ausschreiwung vu Plätterchers- an Dallesaarbechten duerch den Nohaltegkeetsministère ass nämlech justifizéiert.
Eng Maquette vum neie Prisong.
Eng Maquette vum neie Prisong.

Am Zesummenhank mat Aarbechten um zukünftege Prisong Uerschterhaff huet d'Verwaltungsgeriicht mat engem Uerteel zwou Decisioune vum Nohaltegkeetsministère ausgesat. Fir de President vum Tribunal administratif ass de Recours vun enger Firma, wat d'Plätterchers- an d'Dallesaarbechten zu Suessem ugeet, nämlech als justifizéiert unzegesinn.

Soulaang d'Verwaltungsgeriicht net iwwert d'Annulatioun vun deenen zwou Decisiounen entscheet hätt, missten déi ausgesat ginn. Déi Zäit kéint de Kontrakt mat deem, deen ausschreift, och net ofgeschloss ginn.

Am September hat den Nohaltegkeetsministère eng Ausschreiwung fir déi Aarbechte lancéiert; 4 Firmaen haten dofir eng Offer gemaach. De François Bausch hat dunn am November, op Propos hi vum Direkter vun de Bâtiments publics, enger Firma den Zouschlag ginn; am Dezember war eng aner doriwwer informéiert ginn, dass hir Offer net hätt kënnen zréckbehale ginn, well d'Präisser um Bordereau net ausgeschriwwe waren. Dës Firma war deeselwechte Mount op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir engersäits d'Decisioun fir déi aner Firma a géint déi eegen Offer annuléiert an anerersäits dës zwou Decisiounen ausgesat ze kréien.

De President vum Tribunal administratif hält a sengem Uerteel fest, dass d'Argumenter vun der Firma begrënnt sinn an en Aussetze vun den zwou Decisiounen no sech zéie kéinten. Sou Formalitéite wäre kee Selbstzweck, mä hätten d'Zil ze verhënneren, dass deen, deen d'Ausschreiwung mécht, iergefouert gëtt, wat den Inhalt vun der Offer ugeet. D'Formalitéite sollten d'Regularitéit vun der Adjudikatiounsprozedur an d'Chancëgläichheet vun den Ubidder garantéieren; hiert Net-Beuechte géif deemno d'Legalitéit vun der Prozedur affektéieren.

D'Lëtzebuerger Doktrin géif dozou roden, Offeren unzehuelen, an deene Saachen ewechgelooss goufen oder Feeler stinn, déi deen, deen d'Ausschreiwung mécht, net ierféieren, respektiv d'Kompetitioun net verfälschen; dass d'Firma et ënnerlooss hätt, fir d'Präisser um Bordereau auszeschreiwen, kéint d'Vergläiche vun den Offeren net affektéieren, soudass d'Ewechloosse keng Inzidenz op d'Kompetitioun hat. D'Intentioun vun der Firma wär kloer gewiescht, an et hätt kee Risiko vu Bedruch virgeleeën; d'Kriticke vun der Firma hätten deemno e seriöe Charakter. Well et méiglech wär, dass d'Riichter, déi sech mam Fong vun der Affär befaassen, d'Decisioune vum Nohaltegkeetsministère annuléieren, wären d'Konditiounen erfëllt, fir dës Decisiounen auszesetzen, sou de President vum Tribunal administratif.

Back to Top
CIM LOGO