De Kontakt gouf dacks gesichtVill Aarbecht fir d'Patientevertriedung

Tim Morizet
Coronavirus hin oder hier. Déi leschte Méint war eng weider lass bei der Patientevertriedung.

D’Organisatioun déi sech fir d’Rechter vun de Patienten asetzt, huet en Dënschdeg virun der Press de Bilan vun de leschte Méint gezunn. A ville Dossiere bléift nach e bëssen Aarbecht.

Patientevertriedung a Covid-Zäiten - Reportage Tim Morizet

Eis Aktivitéiten 2019 ware ganz grouss. An déi hunn och 2020, trotz Covid net opgehalen.“ Esou de René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung. Konkret heescht dat fir 2019 iwwer 1000 Telefonen, gutt 350 digital oder Bréif Kontakter an 150 Entrevue mat Patienten. Knapp 150 Dossier goufen traitéiert.

Déi meescht Dossieren déi erakommen, betreffen haaptsächlech de Beräich vun den Zänndokteren, esou d’Michèle Wennmacher vun der Patientevertriedung: „Dat vun Tariffer déi net richteg applizéiert goufen, bis eriwwer zu Interventiounen déi net richteg adaptéiert sinn. Oder, datt Dokteren aus dem Ausland fir 1 Dag d’Woch op Lëtzebuerg schaffe kommen an duerno d’Nosuerg net méi richteg garantéiert ass.“

E groussen Dossier bléift och de Controle Médicale, esou d’Patientevertriedung. Dacks géif weder Patient, nach Dokter, Decisioune vum Kontroll-Organ verstoen: „Datt Leit sech net Prêt fille, fir nees schaffen ze goen, et awer vun hinne verlaangt gëtt. De Patron kann se awer net huelen, well se de Beruff deen Ament nach net kennen ausüben. De Patient ass schlussendlech deen, deen am Ree stoe gelooss gëtt. Geet e schaffen, dann akzeptéiert en Decisioun vum Control Médicale, mä e ka jo net schaffen, da kritt en awer och kee Revenue op der anerer Säit.“

D’Patientevertriedung huet beim zoustännege Ministère eng Mediatioun mat allen Aktuellen ugefrot. En anere Punkt, dee séierst-Méiglech misst ëmgesat ginn, ass den Developpement an d’Installatioun vun der Plattforme psychiatrique: „Iergendwéi geet et do net richteg virun. An dobäi ass grad an deem Beräich wichteg eng besser Koordinatioun ze hunn, wat d’Prise en Charge ubelaangt an duerno den Transfert, wann een aus dem Stationären eriwwer an den Ambulanten eriwwer geet.“

Et wär ee verwonnert, datt déi Thematik um Gesondheetsdësch net weider thematiséiert gëtt. Punkto Covid, wiere vill Froen iwwert den Transfert an auslännesch Spideeler déi leschte Méint erakomm. Ma och Doleancë vu Bierger, datt verschidden Doktere géifen dovunner profitéieren, Telefonen, déi soss net verrechent goufen, elo bemol als Consultatioun ze monetiséieren.

Vill Aarbecht fir d'Patientevertriedung
„Eis Aktivitéiten 2019 ware ganz grouss. An déi hunn och 2020, trotz Covid net opgehalen.“

Et misst ee vu Säite vun der Santé kënne garantéieren, datt den Impfstoff sécher wier, esou de René Pizzaferri:

De René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung

D’Patientevertriedung, déi sech fir d’Rechter vun de Patienten asetzt, kritt reegelméisseg Froen am Zesummenhang mam Coronavirus eran.

Back to Top
CIM LOGO