
Um 18.40 Auer war et zu Diddeleng an der Lëtzebuergerstrooss eng Heck, bzw Mulch dee gebrannt huet.
Kuerz virun 21 Auer huet zu Péiteng an der rue Mathias Adam eng Poubelle gebrannt.
Kuerz no 22 Auer stoung zu Ënsber och eng Poubelle a Flamen, dëst op der Plage Fuussefeld.
Kuerz no 23.30 huet zu Eech eng Poubelle gebrannt.
Géint 23.38 Auer huet zu Léifreg eng Grillplaz op der Plage musse geläscht ginn.
Géint 1.45 Auer dann hunn tëscht Haassel a Siren Heebotte gebrannt.
Kuerz no 6 Auer gouf et e Brand an engem Gaardenhaischen zu Nidderkuer an der Péitenger Strooss.
Kuerz virun 8 Auer hunn d'Pompjeeë mussen an den Asaz op Rëmeleng an d'rue du Cimetière. Do hat et op enger Grillplaz gebrannt.
Bei kengem vun deenen Tëschefäll goufe Leit blesséiert.