Virop d‘Sozialwale wieren déi grouss Erausfuerderung fir den LCGB, hei wier d’Terrainsaarbecht vun den Delegéierten an de Betriber gefrot, esou de Patrick Dury am RTL-Interview.
De Mënsch soll am Mëttelpunkt stoen an d’Interessie vum Salarié wiere Prioritéit, esou de President vum LCGB. Dekonomesch Perspektiven an de Betriber wiere ganz mitigéiert. “Wann ech an de Bau kucken, do maachen d’Leit sech ganz vill Gedanken ëm d’Sécherheet vun der Aarbechtsplaz.”
Och an der Industrie wier et op ville Plazen ugespaant, och do géifen d’Leit sech vill Gedanke maachen.
Iwwert d’Pensioune misst geschwat ginn.
Den 12. Mäerz si Sozialwalen. D’Ambitioun fir d’Sozialwalen am Mäerz wier ganz kloer esou gutt ofschneide wéi een nëmme kann. Och wann een a groussen a schwieregen Dossiere misst als Gewerkschaften zesummeschaffen, esou de President vum LCGB Patrick Dury.
Iwwer d’Ofsécherung vum Pensiounssystem misst geschwat ginn, dat awer zesumme mat alle Partner. Wat een als LCGB net géif zouloossen, wier et de Lëtzebuerger Pensiounssystem ze zerstéieren. Et géif een op e staarken éischte Pilier setzen.