Ma déi déi do waren, waren awer haart. Fir Stëmmung war op jidder Fall gesuergt, de Cortège ass awer eng hallef Stonn méi spéit lassgaangen wéi geplangt. An der Hoffnung dass sech awer nach e puer Leit géingen uschléissen.
Youth For Climate Luxembourg hat mat bis zu 300 Leit gerechent, dass een dat Zil net erreecht huet, erkläert ee sech doduerch, dass et immens komesch wier géint eppes unzekämpfen, wat een net ergräife kéint, wat een net wierklech affektéiert an et wier och net wierklech motivéierend, dass een ëmmer nees bei d’Politik géif goen an eppes fuerdert, ma et géif een net gesinn, dass sech eppes ännert, esou d’Jasmine Winandy, fir dat et déi éischt Demo als Organisatrice war.
D’Fuerderunge wieren ëmmer déi nämmlecht, zanter 2019, et géing sech awer politesch näischt doen, esou d’Organisatricë vu Youth for Climate Luxembourg.
Konkret sinn zwou Fuerderungen, d’Klimaneutralitéit bis 2030 an dass Lëtzebuerg ophält, a fossil Energien z’investéieren. Et wier frustrant, esou d’Organisatricen, dass sech politesch awer net méi géing doen. Ma och dowéinst wéilt ee speziell am Walkampf d’nächst Joer méi aktiv ginn.
D’Klimakris wier net méi am Virdergrond, dat ass ee Grond, deen d’Leit hei op der Plaz dofir genannt hunn, dass net méi souvill Leit do sinn, wéi déi lescht Joren, wou jo souguer nach Restriktioune ware wéinst der Pandemie. Aner Theme wéi de Krich oder d’Inflatioun hätten aktuell méi Raum. Ausserdeem wier den Datum vun haut net super fir Lëtzebuerg, well et den éischte Freideg no der Rentrée ass. Et hätt een net vill Zäit gehat, fir d’Schüler a Schülerinnen ze mobiliséieren. Mee den Datum ass weltwäit decidéiert ginn, do hat een hei keen Impakt.
D’Maniff steet ënnert dem Motto: “People, not profit”.
An Däitschland sinn zéngdausende Leit fir d’Klima op d’Strooss gaangen. Eleng zu Berlin sollen eng 22.000 Leit mat streiken. Hei gëtt virop e Budget fir de Kimaschutz an Héicht vun 100 Milliarden Euro gefuerdert. Ausserdeem soll den 9-Euro-Ticket, deen iwwert de Summer an engem Deel vum Zuchreseau gegollt huet, onlimitéiert agefouert ginn.