
Déi eng Petitioun war fir een Ausschloss vun deene Sujete bei Mannerjäregen an der Schoul an déi aner war dogéint. Se hu sech a punkto Ënnerschrëften d’Gläichgewiicht gehalen. D’Regierung huet op esou ee grousse gesellschaftlechen Debat natierlech misse reagéieren a Conclusiounen zéien. Déi goufen en Dënschdeg de Moien an der Familljekommissioun vun der Chamber presentéiert.
“Wat kloer ass: LGBTIQ+"ass eng Realitéit an eiser Gesellschaft, also ass et och eng Realitéit an eise Schoulen. Dass mir déi Thematike weider an eise Schoule wëllen a mussen an de Schoulen integréieren, dat ass fir eis normal. Mir wäerten net op de Wee goen, fir hei Invisibilitéite wëllen ze schafen.”
Dat sot d’Ministesch fir d’Egalitéit tëscht de Geschlechter an Diversitéit Yuriko Backes direkt am Ufank vun der Kommissioun. Hire Ministère lancéiert an deem Sënn notamment eng Campagne géint Hate-Speech am Netz, zesumme mat der asbl Respect.lu. Dëst ass eng Campagne géint Hate-Speech, also Haass-Ried am Netz, mat der Vermëttlung vu Rotschléi an Outilen, wéi een domat ëmgoe kann. Do ginn och Workshoppen organiséiert. Dëst ass e Pilotprojet fir ee Joer.
Op der Säit vum Educatiounsministère gëtt op véier Voleten adaptéiert. Ugefaange bei der Infrastruktur. Do huet virop de Sujet vun den Toilettë fir Diskussioune gesuergt. Hei eenzel Aussoe vum Christian Ginter, Responsabel am Educatiounsministère fir d’Infrastruktur, vum ADR-Deputéierte Fred Keup an zum Schluss vum LSAP-Deputéierte Georges Engel.
Christian. Ginter: “Wat d’Signalétique betrëfft, do ass et kloer. Et gëtt an Zukunft just nach WC drop geschriwwen an net méi distinguéiert tëscht enger männlecher oder enger weiblecher Toilette.”
Fred Keup: “Hunn ech dat richteg verstanen, dass et elo keng Männertoiletten a keng Dammentoilette méi gëtt am Lycée?”
Christian Ginter: “T’ass effektiv esou, dass den Agank an den Trakt vun den Toiletten, dass dee gemeinsam ass. Onofhängeg vum Geschlecht, onofhängeg vum Alter, onofhängeg vun der Gréisst. Mee den Accès op d’Toilette selwer ass selbstverständlech individuell an net gemeinsam.[...] Den Urinoire, op dee gëtt ganz verzicht.”
Georges Engel: “Zu den Unisex-Toiletten. Dat fannen ech eng ganz gutt Saach. Ech gleewen och net, dass iergendee vun eis hei doheem Toilette fir d’Jongen a fir d’Meedercher huet.”
Och bei de Vestiaire ginn et Adaptatiounen. Do kann ee sech an Zukunft bei neie Gebaier also eraussichen, ob ee léiwer an de gemeinsame Vestiaire geet oder an een individuellen, separate Vestiaire, mat oder ouni Dusch, erkläert de Christian Ginter.
Nieft Adaptatiounen an der Infrastruktur goufen am IFEN (Institut de Formation de l’Éducation Nationale) weider spezifesch Formatioune fir d’Enseignanten ausgeschafft. Zanter dësem Januar sinn et der 13 Stéck déi sech domat beschäftegen. D’Enseignanten si fräi, an déi Formatiounen ze goen, wa si e Besoin dofir gesinn. De SCRIPT (Service de Coordination de la recherche et de l’Innovation pédagogique et technologiques) huet och nei Materialien entwéckelt, mat deenen d’Enseignanten de Schüler dës Thematik altersgerecht kënne presentéieren. Den Luc Weis, Direkter vum Script, gëtt e Beispill:
“Engersäits ass dat eis Initiativ fir den Cycle 2 an 3 dee mer “CHMENKI” nennen. Dat steet fir “Chef vu mengem Kierper”. D’Kanner solle verstoen, dass se ee Kierper hunn, e Bewosstsi fir de Kierper entwéckelen. Dass si Limitte kenneléiere par Rapport zu sech selwer a par Rapport zu aneren zu hinnen. Dass si och hir Rechter kenneléieren. Dat Ganzt ass och altersgerecht a spilleresch.”
Fir de Cycle 4 gëtt et “Sexuelle Bildung in der Grundschule”.
Am CePAS (Centre psycho-social d’accompagnement scolaires) gouf dann och e Guide fir d’Gender-Diversitéit entwéckelt mam Zil, fir d’Zesummeliewen a senger ganzer Diversitéit an der Schoul ze normaliséieren, a fir Prozeduren a Reegelen en place ze setzen. Doranner fannen d’Enseignanten dann och praktesch Fichë mat Dos and Don’ts fir den direkten Ëmgang an der Klass mam Schüler, erkläert d’Nathalie Keipes, Direktesch vum CePAS:
“Wou och Enseignanten an Direktioune vun de Lycéeë ganz Demandeur waren, fir eppes un d’Hand ze kréien. Wou se einfach och an der Klass, am Ëmgang mam Schüler ,Consigne kréien, wéi si kënnen och mat Diskriminatiounen ëmgoen a wéi si kënne Diversitéit an de Schoulprogramm abauen, wéi si och eng Virbildfunktioun kënne sinn, doduerch, dass si mat Respekt an Empathie mat Trans-Jonken ëmginn.”
Donieft sollen och siwe gesellschaftlech Themen transversal uechter de Schoul-Curriculum verankert ginn an dann innerhalb vun deenen traditionelle Fächer enseignéiert ginn. Dat sinn zum Beispill d’Citoyenneté démocratique, éducation en médias an d’éducation sexuelle et affective.