Déi nächst Woch gëtt e méi streng an de Selbsttest fält ewech. An do wou et leeft, wär et iwwerhaapt kee Problem, seet de Minister Marc Hansen, zoustänneg fir d’Fonction Publique.
Vill Leit géife sech freeën, fir nees méi normal kënne schaffen ze goen. 87% vun de Leit beim Staat vun de Residenten wäre geimpft. Do wär de Gros zefridden iwwert de CovidCheck, mä géif dat net ganz haart an net no bausse soen.
D'Gewerkschafte freeë sech allerdéngs net iwwer d'Optioun vum CovidCheck op der Aarbecht. Si hunn der Regierung den Donneschdeg een Ultimatum vun dräi Deeg gesat, ier si iwwer gewerkschaftlech a juristesch Schrëtt berode géifen.
Haut schonn huet de ganze Staatsministère, d’Kooperatioun, d’Digitalisatioun oder nach de Fonction Publiques-Ministère de CovidCheck. D’Héichhaus oder d’Santé kommen ënnert anerem geschwënn derbäi. D’Gesetz géif jo och virgesinn, dat Ganzt flexibel ze maachen. Ganz Gebaier, Deeler vu Gebaier, just fir Reuniounen oder just zu gewëssenen Zäiten kann een de CovidCheck aféieren.
Beim Staat sinn aktuell bis zu 3 Deeg Teletravail méiglech. Et kommen och keng Deeg derbäi, wann een de CovidCheck net wëll maachen. Zwee Deeg minimum muss een also op de Büro a wann een net geimpft oder geheelt ass, brauch een en Test. Vun e Méindeg u gi just nach zertifiéiert Schnelltester a PCR-Tester acceptéiert.
De Marc Hansen preziséiert, datt de Staat d’Käschte fir d’Tester net iwwerhëlt. D’Impfung wär jo gratis.
Wann een net schaffe geet, well en zum Beispill en Test refuséiert, gräifen déi normal Prozedure wéi soss och, wann een net op d’Aarbecht geet, sou de Minister.
Beim Staat sinn dat ganz kloer definéiert Prozeduren. Et kann een zum Beispill en Avertissement kréien oder en Deel vun der Pai ofgehale kréien. Den Extremfall wär, datt ee seng Aarbechtsplaz verléiert. Bei 32.000 Beamte géifen der an der Moyenne pro Joer 7-8 hir Aarbechtsplaz verléieren. Dat wären awer ganz grav Fäll.