Wierklech geléist ass de Problem vun den Enkpäss bei de Medikamenter nach ëmmer net. Fir Kanner sinn d’Enkpäss besonnesch drastesch. Beim Traitement kënnen Dokteren dacks net esou einfach mat alternative Medikamenter schaffen, dat och wéinst der Doséierung.
Saison vun den Erkältungen nach net eriwwer
E Fréijoer, dat bis ewell net just a punkto Sonnestonnen enttäuscht huet. Kal a fiicht Temperature suerge weider dofir, dass vill Leit erkaalt sinn. Kanner si besonnesch mat staarke Grippen an Angine geplot. Et evitéiert een Antibiotiquen awer wann déi richteg feelen, ass dat bei Kanner ëm sou méi schwiereg, erkläert den Dokter Serge Allard, Pediater: „Am Fong verschreiwe mer ëmmer déi Medikamenter, déi mer gewinnt sinn ze verschreiwen. An da rifft den Apdikter eis un, fir eppes aneres ze proposéieren oder eppes aneres zesummenzemëschen. Et ass komplizéiert.“
Virun allem geet vill Zäit um Telefon verluer. Deels muss ee pro Patient 3 Mol mat verschiddenen Apdikter telefonéieren. D’Generiquë sinn aktuell dacks och net disponibel respektiv schmaache se klenge Kanner net. Et feelt un der néideger Kommunikatioun, bedauert den Dokter: „Mir ginn am Fong ni gewuer – ausser duerch den Apdikter – ob et dëst oder dat Medikament gëtt. Dat ass net richteg esou, et misst een duerch d’Laboen oder de Gesondheetsministère gewuer ginn, wat zur Verfügung steet.“
Kee neit Phänomen zu Lëtzebuerg
Enkpäss bei Medikamenter wier keen neit Phänomen zu Lëtzebuerg. Dës lescht war d’Nout awer besonnesch grouss, fënnt och de President vun der Federatioun vun den Apdikter, den Alain De Bourcy:
„Generell wann d’Wierder besser gëtt an d’Fréijoer kënnt, da fällt d’Nofro. An da kënnt och generell den neien Approvisionnement. Mä et ass aktuell de Contraire. Vill Sirope fir d’Kanner feelen nach ëmmer. Mir hunn nach ëmmer ganz wéineg Alternative fir d’Antibiotiquë fir d’Kanner. Mir bestelle vill Produiten aus Däitschland ,fir datt mer iwwerhaapt iwwert d’Ronne kommen.“
Elleng an Däitschland awer gouf et déi éischt 3 Méint vum Joer 257 Meldunge wéinst Enkpäss bei der Liwwerung vu Medikamenter. D’Demande zu Lëtzebuerg geet net erop. Ma eng Rei Entreprisen hunn ugekënnegt, bis Mee respektiv Juni näischt méi op Lëtzebuerg ze liwweren.
Wisou sinn d’Medikamenter knapp?
Vill Sue mécht d’Pharmaindustrie virun allem mat neien, innovative Medikamenter. D’Marge bei den traditionelle Produiten a Generiquen ass deels sou kleng ginn, datt Betriber d’Produiten als net rentabel gesinn an d’Produktioun limitéieren.
Fir d’Produktioun vun Antibioticken an der EU komme mëttlerweil zwee Drëttel vun den Inhalter aus China. Virun 20 Joer war dat nach hallef esou vill. An d’Pandemie huet hei weider en Impakt op d’Importer. De President vun den Apdikter fuerdert en nationale Stock mat Kanner-Antibiotiquen. Dat wier e manner grousst Investissement ewéi e Covid-Vaccin.
Et feelt de politeschen Drock op d’Pharmaindustrie bedauert den Apdikter. Och nächste Wanter dierft d’Situatioun ugespaant bleiwen.
Pollesaison: Et kéint zu Enkpäss bei de Medikamenter géint Allergië kommen