
De Risk, dass et dozou komme kéint, wier jiddwerfalls ginn, sou de President vum Apdikter-Syndikat Alain de Bourcy op Nofro hi géigeniwwer RTL. Et wier nämlech esou, dass opgrond vu falsche Prognose vun den Hiersteller net genuch vun dëse Medikamenter produzéiert gi wieren.
Aktuell wier d’Situatioun nach net problematesch, wat allerdéngs domadder zesummenhänke géif, dass wéinst dem schlechte Wieder wéineg Polle fléie géifen an d’Nofro no Medikamenter géint Pollenallergien deementspriechend niddereg wier. Wa bei besserem Wieder allerdéngs méi Pollen an der Loft wieren, kéint et sinn, dass op ee Coup vill Leit Medikamenter kafe géifen, an dass de Stock vun dëse Medikamenter a verschiddenen Apdikte kéint ausgoen.
Am Alain de Bourcy senger eegener Apdikt wier et awer elo schonn esou, dass zum Beispill d’Medikament “Aerius”, dat dacks bei Pollenallergië verschriwwe gëtt, zanter 10 Deeg net méi op Stock wier. Aktuell kéint een de Clienten hei awer Generiquë mam nämmlechte Wierkstoff ginn.
Wann een also weess, dass ee mat Pollenallergië geplot ass, an den Ament guer keng Medikamenter méi am Haus huet, wier een dem Alain de Bourcy no gutt domat beroden, sech seng Medikamenter nach kafen ze goen, éier d’Wieder besser gëtt.
Zu der Fro, ob sech d’Situatioun bei der Versuergung mat Medikamenter vum alldeegleche Gebrauch, ewéi Houschtsirop oder Antibioticke fir Kanner antëscht verbessert hätt, huet de President vum Apdikter-Syndikat gemengt, dass se sech éischter nach verschlechtert hätt. Nieft de béide genannte Medikamenter, géif et elo nämlech och en Enkpass bei den Antibioticken an Drëpseform ginn. Esou zum Beispill beim Medikament “Tobrex”, dat géint Entzündungen am A agesat gëtt.