
En Donneschdeg de Moien huet d'Police op der A13 Richtung Esch op der Héicht vum Éilerenger Tunnel eng Routinekontroll gemaach. Heibäi ass erauskomm, dass wéi gesot 21 Chaufferen en ze schwéiere Gasfouss haten. Et gouf awer och nach aner Verstéiss, wéi z.B. Pabeieren déi net an der Rei waren, de Sécherheetsgurt net un, Telefonéiere wärend dem Fueren oder d'Net-Respektéiere vum Covid19-Reglement.
Dummeldeng
En Automobilist war um Freideg de Moie géint 4 Auer vill ze séier, an mat ze vill Alkohol am Blutt op der Iechternacherstrooss zu Dummeldeng ënnerwee. Nodeems de Mann gestoppt konnt ginn, ass dëse bei der Kontroll ausfalend a beleidegend ginn. E Fuerverbuet an eng Plainte waren d'Resultat.
Esch/Uelzecht
E Mann huet géint 3 Auer an der rue du Viaduc e geparkten Auto muttwëlleg beschiedegt. De Mann konnt vun der Police ermëttelt ginn. E war nawell zimmlech alkoholiséiert an och aggressiv. En huet de Recht vun der Nuecht an enger Ausniichterungszell verbruecht.