Wat geheien d’Leit an déi schwaarz Poubelle? Wéi gutt gëtt den Offall getrennt? A wat kann ee besser maachen? Dat wëll d’Ëmweltverwaltung rausfannen. Dowéinst gëtt all dräi Joer eng Reschtoffall-Analys gemaach. Dëse Mäerz ass et erëm esou wäit. Stéchprouwen aus 15 verschiddene Gemengen ginn ënnersicht.
Null Ressourcenverschwendung: Dat ass d’Zil vun der Ëmweltverwaltung. Dofir muss esou vill wéi méiglech recycléiert ginn. Dat ass just méiglech, wann een den Offall richteg trennt. Bei der Reschtoffall-Etüd vun 2019 ass erauskomm, dass et nach vill Loft no uewe gëtt. Ongeféier d’Hallschent vum Offall war net an der richteger Poubelle.
Um Site vun der Firma Lamesch gëtt den Reschtoffall vun de 15 ausgewielte Gemengen ënnersicht. Dobäi goufen et spezifesch Critèren, erkläert d’Stéphanie Goergen, Expertin am Beräich Offallgestioun:
“Et soll u sech en nationalen Echantillon sinn. Dat heescht, et ass representativ fir dat ganzt Land. Dofir goufen 15 Gemengen erausgepickt, déi dat am beschte rëmspigelen. Wat ass d’Awunnerdichtheet? Wat sinn d’Strukturen? Ginn et vill Familljenhaiser oder éischter Residenzen? Och d’Distanz zu engem Centre de Ressource ass gekuckt ginn an och den Impakt vun de Gemengentaxen. All dat huet matgewierkt, fir dësen Echantillon zesummenzestellen.”
Et géif opfalen, dass vill an der schwaarzer Poubelle lant, wat recycléiert kéint ginn. Den Inhalt vun den Dreckskëschte kéint awer staark variéieren, betount d’Stéphanie Goergen:
“Sief et Gemengentaxen, wéi se gerechent ginn, déi en Impakt hunn. Wann an der Gemeng de Reschtoffall natierlech op de Kilo verrechent gëtt, huet een natierlech Tendenz op déi aner separat Sammlungen zréckzegräifen, déi gratis sinn. Et sinn awer och aner Saachen. Wann an enger Gemeng vill Kommunikatioun zu enger neier Sammlung ass, déi agefouert gëtt, dann ass bei de Leit och méi d’Tendenz op déi separat Sammlungen zréckzegräifen.”

D’Stéchprouwe gi vun extrae Camionen an de Centre de Tri bruecht, wou se méi genau sortéiert ginn wéi de Rescht.
Eng representativ Etüd fir ganz Lëtzebuerg wier awer net esou séier gemaach wéi ee mengt, erkläert den Alex Kolomijtschuk vun Eco:novis:
“Im Rahmen der Restabfallanalyse ist es so, dass wir einaml eine Winterkampagne machen, die läuft jetzt, und einmal eine Sommerkampagne, weil da die Gegebenheit anders ist. Anderes Wetter, andere Gewohnheiten. Erst nach der zweiten Kampagne im Sommer kann man das representativ auf die Gemeinde, beziehungsweise auf Luxemburg zurückrechnen und dann eine Aussage treffen, ob es besser geworden ist mit der Trennung. Die Tendenz kann man dann rauslesen.”
D’Resultater sollen hëllefen, nei Mesuren auszeschaffen, fir d’Offalltrennung ze verbesseren.