Net wäit ewech vu Grolënster huet et am August 1943 eng Kéier Nuets zolidd geknuppt.Siwen Zaldote ware mat engem Halifax-Fliger um Militärposte Lisset an England fortgeflunn, mam Zil Nürnberg, wou eng däitsch Munitiounsfabrick sollt zerstéiert ginn.
Iwwer dem Lëtzebuerger Himmel goufe si vun enger Messerschmitt attackéiert an erofgeschoss. Zwee vu siwen Zaldoten stierwe nach am Fliger; vun deene fënnef, déi mam Fallschierm ofgespronge sinn, huet een - de Pilot – net iwwerlieft, déi aner véier konnte vun der Resistenz gerett ginn.
“Se hunn eis Zukunft geséchert, andeems se hei gestuerwe sinn”, seet de Fred Schaaf, dee sech zënter Joren agesat huet, fir eppes aus dëser Plaz ze maachen.
Dass de Pilot Clarke mat sengem Fallschierm an engem Bam houng a net wäit vum Halifax ewech am Damp erstéckt ass kréie mer erkläert. Déi véier aner Memberen vun der Crew si méi Richtung Oste gelant – zu Hierber, bei Wuermer an engem Wéngert, zu Beddeler, an op der Schanz - si hunn de Krich iwwerlieft.
“Ech war fir d’éischt hei op der Plaz am Joer 2012. Ech sinn opmierksam gemaach ginn duerch Leit, déi dat materlieft hunn hei, wéi de Fliger de 27./28. August erofgefall ass. An et ass hei näischt geschitt, 70 Joer huet sech keen hei drëm gekëmmert, fir eppes ze maachen, wat drop hiweise géif, dass hei den Halifax erof gefall wier.”

E Joer méi spéit huet d‘Royal Air Forces Association vu Lëtzebuerg zesumme mam Proprietär vum Bësch an dem Fieschter decidéiert, dass op dëser Plaz iwwert dëst Evenement soll opgekläert ginn.
“Déi sinn ënnerwee erofgesprongen, de Pilot huet gemierkt, dass en den Avion net méi steiere konnt an en huet gesot ‘Sprangt eraus!’ An déi sinn op 4 verschidde Plazen erausgesprongen. Dir gesitt hei den Harald Robinson, deen ass zu Wuelmereng an de Wäibierger, de George Hirst, deen ass bei Roudemer fonnt ginn, de John Dix ass am Hierberbësch bei Liljen no bei Hierber erofgesprongen an ass och do vun engem Bauer fonnt ginn an den Eric Brearley ass hei bei der Schanz erofgesprongen an ass moies beim Biltgen zu Heesbrech fonnt ginn. Déi Jonge si vun der Resistenz ënnerbruecht gi bei patriotesche Familljen an déi hunn hinne gehollef, wärend Wochen do onentdeckt ze iwwerliewen.”

Verschidde Persounen, déi iwwerlieft hunn, ware schonn eng Kéier an de Marscherwald op Besuch komm, fir den Affer ze gedenken.
De Fred Schaaf erzielt mat grousser Passioun iwwer d‘Hëllef, déi deemools vu Lëtzebuerger koum.
“Wéi se erofgespronge sinn, bei Lëtzebuerger Famillje verstoppt, déi ganz vill gehollef hunn. Also d‘Resistenz vu Jonglënster war ganz aktiv an déi hat Kontakt mat patriotesche Leit hei aus der Gemeng.”
Haut fënnt een hei am Bësch tëscht Grolënster an der Schanz ee Panneau mat Informatiounen iwwert d‘Evenement souwéi ee Monument, wat un d‘Zaldoten erënnert an och nach e puer Iwwerreschter vu sougenannte Brandbommen.
