D'Radare sinn ee Mëttel, fir datt mer all méi sécher fueren. Dat sot um Mëttwoch de Moien den Transportminister François Bausch. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun, fir iwwer d'Sécherheet op der Strooss ze schwätzen.
Et hätt een d'Tendenz ze séier ze fueren an d'Konsequenzen dovunner net richteg anzeschätzen, dat wär mënschlech. Kontrolle wären dowéinst néideg. A Frankräich géif een elo gesinn, wou 2/3 vun de Radaren aktuell net funktionéieren, datt d'Zuel vun den Doudegen ëm 300% an d'Luucht gaangen ass, an datt d'Leit nees méi rennen, wa se net gestrooft ginn.
Allgemeng ass net dermat ze rechnen, datt d'Vitess nach erof geet, z.B. op 80 op de Landstroossen, huet de François Bausch gemengt, mä punktuell, wou et néideg wär, géif d'Vitess awer adaptéiert ginn.
Et geet net drëms fir Leit a Falen ze lackelen, sou de Minister, mä fir ze sensibiliséieren, fir datt manner geschitt.
Mir sollen eis all zesummen un d'Reegelen, un d'Gesetzer halen. 90 op der Landstrooss géif net heesche minimum mä maximum.
D'Motorradssaison fänkt och nees un... d'Regierung wëll sensibiliséieren, fir datt manner Accidenter geschéien. Zejoert gouf et 9 Doudeger. De François Bausch denkt och iwwer banaliséiert Motorrieder mat Kameraen no, fir sougenannt „Verkéiersrowdyen“ ze filmen. Dofir muss d'Gesetz nach geännert ginn.
Vëlosfuerer a Foussgänger dann: Si solle méi Plaz kréien op onse Stroossen. Allgemeng géifen d'Verkéiersinfrastrukture reegelméisseg op d'Sécherheet kontrolléiert an adaptéiert ginn.
Ganz vill erwaart sech den Transportminister vun de sëllechen neien Sécherheetstechniken, déi an Autoen agebaut ginn.
An dat autonoomt Fuere wäert sécher derfir suergen, datt et vill manner Accidenter ginn. Schued awer, datt de Mënsch d'Fuere vun enger Maschinn muss ofgeholl kréien, fir datt ons Stroossen méi sécher sinn, sou nach de François Bausch.
E Mëttwoch de Moie war den Transportminister eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.