Déi protestantesch Kierch zu Lëtzebuerg huet mouvementéiert Méint hannert sech, déi am Lutherjoer méi vu Sträit wéi vu Feierlechkeeten iwwert de 500. Anniversaire vun der Reformatioun dominéiert waren.
Perquisitiounen, Geriichtsprozesser, Plainten a Reprochë géint d'Leaderen vum Culte.
"Streidereie gehéieren zum Protestantismus", sot de Chef de culte vun der protestantescher Kierch hei am Land Volker Strauss um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Et géif een op alle Fall awer probéieren, fir mat de Kritiker am Gespréich ze bleiwen.
Nodeems am Fréijoer d'Kritik ënnert anerem géint d'Persoun vum Volker Strauss an der Ëffentlechkeet haart gi war, hat den Titularpaschtouer Gespréichsgruppen an Aussiicht gestallt. Tëscht Abrëll bis Juni hätt et 4 där Diskussiounsronne ginn. Den Interessi awer schéngt net all ze grouss gewiescht ze sinn. Grad mol 10 bis 20 Persoune ware pro Diskussiounsronn derbäi.
Dem Chef de culte vun der protestantescher Kierch no misst ee sech elo ustrengen, fir no neie Weeër ze sichen, fir nees Rou an d'Communautéit ze kréien. Stéchwuert Mediatiounsméiglechkeeten.
Et wéilt ee keen aus der Kierch ausschléissen, seet de Volker Strauss. Dat wier falsch. Beim interne Sträit géif nämlech net ëm spirituell Sträitfroen, mä ëm kloer Interessekonflikter goen, wien d'Soen an der protestantescher Kierch huet. Dowéinst hätt ee kee Recht een auszeschléissen. Fräiwëlleg Austrëtter aus der Kierch wéinst dem aktuelle Klinsch gouf et awer.
Invité vun der Redaktioun ëm 10 op 8 war den Titularpaschtouer vun der protestantescher Kierch zu Lëtzebuerg Volker Strauss.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.