BounewegVolle Mann dreet Polizist mam Doud

Sarah Cames
Eng Police Patrull ass Méindeg Owend géint 20.30 Auer wéinst engem volle Client an e Café an d'Rue Irmine zu Bouneweg geruff ginn.
Police 2017
Police 2017
© Police 2017

De Mann huet sech aggressiv géigeniwwer vun anere Gäscht beholl. Hie war scho voll do ukomm a wollt d'Lokalitéit guer net verloossen.

D'Persoun ass dunn awer kuerz verschwonnen, fir mat sengem Auto virun d'Entrée vum Café ze fueren. D'Police huet dem Mann säin Auto mat lafendem Moto fonnt an en huet och séier zouginn, dat den Auto him gehéiert huet.

D'Beamten hunn de Mann blose gelooss an den Alkoholtest war net iwwerraschend positiv. Wou de Mann gesot krut dat e mat op de Policebüro sollt kommen, huet en ugefaange sech queesch ze stellen an ass ëmmer méi aggressiv ginn. D'Beamten hunn dem aggressiven a volle Mann Handschelle missten undoen, fir der Situatioun meeschter ze ginn. Wärend dem Transport a Richtung Policebüro huet de Mann engem Polizist esouguer ëmmer nees mam Doud gedreet an ass och kierperlech aggressiv ginn.

Um Policebüro ass de Mann dunn an d'Ausniichterungszell komm. Säi Führerschäi gouf agezunn an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet géint hien ausgeschwat. Et gouf ausserdeem eng Plainte géint de Mann gemaach.

Back to Top
CIM LOGO