
Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, war de Mann grad domat beschäftegt, mat engem Dännebeemchen ëm sech ze schloen. Well hie souwuel eng Gefor fir sech, wéi och fir anerer war, gouf hien no enger medezinescher Ënnersichung mat op de Policebüro geholl, fir auszeniichteren. Op der Place d’Armes war da géint 19.30 Auer ee weideren Asaz. Dat well ee Mann Passante mat engem spëtze Géigestand menacéiert huet. D’Police konnt hien no enger kuerzer Poursuite stellen. Bei him gouf eng Neelfeil fonnt, déi dunn och saiséiert gouf. Um Wee op de Policebüro hätt hien dunn och nach probéiert, sech selwer wéi ze doen. Hie gouf an d’Spidol bruecht, wou en awer och net ze berouege war. Dem Policebulletin no hätt hien do d’Spidolspersonal beleidegt a menacéiert. Och hie koum an de Passagearrest an et gouf ee Protokoll erstallt.
Weider mellt d’Police, dass et en Dënschdeg tëscht 17 an 18 Auer zu engem Abroch an en Haus zu Bartreng an der Rue Schauwenbuch koum. D’Täter hu sech dobäi iwwer d’Terrassendier en Zougank zu de Raimlechkeete verschaaft, fir do no Wäertgéigestänn ze duerchwullen. D’Spueresécherung gouf op d’Plaz geschéckt.
Kuerz drop koum an zu engem weideren Abroch, dës Kéier an e Keller an der Rue Mohrfels am Pafendall an der Stad. Hei waren d’Täter duerch eng Garagendier an d’Haus komm an hunn e puer Géigestänn, ënner anerem aus dem do geparkten Auto matgoe gelooss.
Zu Péiteng sinn Onbekannter géint 17.40 Auer an eng Wunneng an der Lonkescher Strooss agebrach. Si goufen awer vun engem Awunner iwwerrascht, wéi si amgaange waren, d’Terrassendier opzebriechen. Déi zwee Brigange si geflücht, eng Sichaktioun war negativ. Et gouf protokolléiert.
E leschten Abroch gouf et dunn nach géint 21.30 Auer zu Bouneweg an der Rue Pierre Thinnes. Een oder e puer Täter sinn aus nach ongekläerter Ursaach an d’Haus komm an hunn do verschidde Bijouen agestach.