Coronavirus zu LëtzebuergVu 4.313 Tester waren der 67 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 830 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 751.268 Impf-Dosisse genotzt. 638 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 627 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO