
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 2 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.072.
Vun den Infizéierte sinn der 3.287 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 45 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 110.946 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufe 4.342 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 31 aktiv Infektioune ginn an 3.931 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 13 (-3) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 Patient ass aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 946 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,930. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
