Nei EU-DirektivVu Juli u just nach fest Stëpp op Plastiksfläschen

RTL Lëtzebuerg
Vum 3. Juli u ginn et am Commerce just nach Stëpp, déi fest um Fläschenhals dru sinn. Fir d'Asbl ASA kéint dat e Probleem ginn.
Vu Juli u just nach fest Stepp op Plastiksfläschen
Vum 3. Juli u ginn et am Commerce just nach Stepp, déi fest um Fläschenhals dru sinn.

Am Kader vun der EU-Direktiv ronderëm Produiten aus Plastik, déi nëmmen eemol benotz ginn (SUP-Single Use Plastic), erhofft d’Kommissioun sech 10 Prozent Plastiksoffall anzespueren a weltwäit Virreider domat ze ginn. Och soll esou dozou bäigedroe ginn, datt méi Stëpp zesumme mat der Fläsch recycléiert ginn an net an der Natur landen.

An Europa läit de Verpakungsoffall allgemeng op enger Rekordhéicht. 188,7 kg pro Bierger eleng 2021, wat 10 kg méi ausmécht, wei nach 2020. Renge Plastik soll Eurostat no 35,9 Prozent ausmaachen – knapps d’Hallschent dovun - 14,2 kg - gi recycléiert.

All Fläsche bis zu dräi Liter, och Mëllech an Tetrapaks, falen ënnert dës nei Richtlinnen. De Secteur hat knapp 5 Joer Zäit, fir ëmzerëschten. Grouss Investissementer waren néideg. Och zu Lëtzebuerg, wou eng 3 Milliarde Stëpp d’Joer produzéiert ginn, ënnert anerem fir e lokal Gedrénksproduzenten. D’Branche huet séier misste vill investéieren a vill plangen, fir prett ze sinn, wann d’Direktiv a Kraaft trëtt, wéi mer am Reportage gewuer ginn.

Méigleche Probleem fir “E Stopp fir de Mupp”?

© ASA asbl

Wat déi nei Stëpp elo fir déi bekannt Sammelaktioun “E Stopp fir de Mupp” bedeit, dat bleift ofzewaarden. D’Ausbildung vun Assistenzhënn finanzéiert d’Associatioun ASA jo via Stëpp déi recycléiert ginn. Vun der Valorlux kréie si 350 Euro pro Tonn Stëpp. Ëmmerhin 10 Hënn konnten esou iwwert d’Jore gesponsert ginn. D’Ausbildung vun engem Hond kascht 17.000 Euro, ma zënter der Pandemie sinn hir Revenuen, respektiv déi gesammelt Stëpp, zréckgaangen. Waren et soss emol bis zu 55 Tonnen d’Joer, sinn et haut nach just zwee Drëttel.

Wann Dir hëllefe wëllt, zum Beispill als Schoulprojet oder soss Benevole, fannt Dir op www.Asa-asbl.lu all d’Informatiounen. Stëpp aus Kork kann een iwweregens och fir déi zukünfteg Muppe vun der ASA (Amicale vun der Schoul fir Assisstenzhonn asbl) sammelen.

Back to Top
CIM LOGO