WeltfraendagVulnerabel Fraen nach méi vun Ongläichheete betraff, sou Asti

RTL Lëtzebuerg
Um Weltfraendag geet vill rieds iwwert d‘Ongläichheeten, déi et nach ëmmer tëscht de Geschlechter ginn.

Dobäi si Fraen a vulnerabele Positiounen dacks nach méi staark betraff. Dorënner zum Beispill Migrantinnen, déi ouni Pabeieren hei am Land wunnen a schaffen.

Bei der Asti, also der Associatioun, déi sech fir Migranten hei am Land asetzt, gesäit een dacks, dass Fraen ouni Pabeiere Gewalt erliewen oder op hirer Aarbechtsplaz exploitéiert ginn, ma refuséieren dowéinst eng Plainte bei der Police ze maachen. Dat well hiren Dossier dann direkt un d‘Direction de l’immigration weidergereecht gëtt.

D‘Asti huet och scho mam neie Minister Leon Gloden iwwert dës Situatioun geschwat. Eng allgemeng Solutioun huet bis ewell awer nach keng Regierung kënne ginn.

Wéi d‘Jessica Lopes vun der Asti erkläert, soll der Regierung no all Fall eenzel gekuckt ginn, ier eng Decisioun geholl gëtt.

„Et ass awer esou, dass wann een der Fra net, ier dass d’Fra bei d’Police geet, garantéiere kann, dass hir näischt wäert geschéien, da geet d’Fra iwwerhaapt net bei d’Police. Dat heescht, dat hëlleft eis am Fong net onbedéngt wierklech vill virun. Mir bräichte wierklech eng Garantie, dass wann eng Persoun, Gewalt oder Ausbeutung ausgesat ass, dass dat prioritär behandelt gëtt. An dann de Statut migratoire gesi mir als eng niewesächlech Saach.“

Nieft der Gewalt ass och ganz dacks de Probleem, dass Fraen ouni Pabeieren an der Aarbecht ausgenotzt ginn.

„Mir gesi ganz vill Fraen, déi zum Beispill a Café schaffen. Déi schaffe 14, 15 Stonnen den Dag an dat ass schonn organiséiert.“

Nieft dem Horeca géife vill Migrante-Fraen och am Botzsecteur schaffen oder an der Fleeg Doheem.

„Déi hu 4, 5, 6 Patronen, e ganz gespléckten Dag, ganz kleng Léin, oft elengerzéiend. Also dat si Problemer, déi e bëssen all d’Frae betreffen, awer haaptsächlech och Migrante-Fraen. Wann een de Botzsecteur kuckt, do sinn iwwer 90% Net-Lëtzebuergerinnen.“

D‘Asti gesäit och vill Fraen, déi nëmme fir Privatleit schaffen, zum Beispill an der Fleeg Doheem. Doduerch si si nach méi isoléiert an „do kënnt och keng ITM kucken, ob d’Aarbechtskonditioune respektéiert sinn an natierlech si se an den allermeeschte Fäll net respektéiert.“

Doduerch dass si keng Openthaltsgeneemegung hunn, hu si keen Accès op hir Rechter, esou d‘Jessica Lopes. A verschiddene Fäll hu se hir Openthaltsgeneemegung just duerch de Mariage an de Partner ass gewalttäteg.

„Do gesi mer ganz oft, wéi de Partner seet: Hei wann s du bei d’Police gees, da weess du awer, dass de Muer zeréck a Brasilien oder a Mosambik geschéckt gëss an dat ass eng richteg Angscht, déi d’Fraen hunn, well se oft zum Beispill och nach Kanner am Hierkonftsland hunn an dann zum Beispill zu Lëtzebuerg schaffen an déi Kanner esou do ënnerstëtzen an dann decidéiere se, dass et vläicht trotzdeem besser ass, näischt ze maachen.“

Verléiert eng Persoun dann automatesch hir Autorisation de séjour, wa si sech vun hirem Partner trennt?

„Net onbedéngt, also am Gesetz gëtt et d’Méiglechkeet, dass e Maintien du droit de séjour ugefrot gëtt, wann eben eng Preuve do ass, dass Gewalt war. Eng Preuve kann awer och sinn, bei d ‘Police ze goen.“

De Probleem ass, dass vill Fraen dat net wëssen an hir Rechter net kennen.

„Dat sinn awer oft Fraen, déi isoléiert sinn. Also eng Fra, déi Gewalt doheem erlieft, ass souwisou meeschtens isoléiert an dat ass een nach méi, wa se net vu Lëtzebuerg ass. Also ech denken, wann eng Fra, déi hei grouss ginn ass, Gewalt doheem erlieft, huet se vläicht eng Schwëster, eng Mamm, Frëndinnen, Kolleegen, wou se Hëllef ka kréien. Oft ass dat awer esou, dass déi Fraen hei net wierklech Ënnerstëtzung fanne kënnen. Also op jidder Fall net selwer e Reseau hunn an dann heiansdo wierklech ganz wéineg informéiert sinn, iwwert dat, wat iwwerhaapt méiglech ass.“

D‘Asti huet dann och als eng vun hiren Aufgaben, dës Fraen z‘erreechen an z‘informéieren.

Ganz dacks kann d‘Police awer och guer net vill maachen, ausser d‘Plainte vun der Fra ophuelen. A schlëmme Fäll kann eventuell de Mann aus der Wunneng expulséiert ginn.

„Dat betrëfft natierlech net Fraen, déi keng Openthaltsgeneemegung hunn. Déi hunn nämlech keng offiziell Adress. Déi kënnen also och kee vun doheem explizéiere loossen, well si jo offiziell iwwerhaapt emol net do wunnen, obwuel se do sinn.“

Anescht wéi bei de Männer, déi an d‘Land kommen, iwwerhuelen d‘Fraen dann och heefeg d‘Verantwortung fir hir Kanner.

„Do gesi mir ganz staark Fraen, déi wierklech alles maachen, fir dass hir Kanner esou en normaalt Liewen hunn, wéi méiglech an dofir ganz oft ganz vill Jobs hunn an extreem vill ausgebeut ginn.“

Allgemeng hu Fraen, déi an d‘Land kommen, keen Accès op hir Rechter wa si keng Openthaltsgeneemegung hunn, esou d‘Jessica Lopes. Dowéinst déi kloer Fuerderung vun der Asti: Alleguer d’Leit regulariséieren.

Back to Top
CIM LOGO